Search

You may also like

D‘Populisten an Italien hunn hire Regierungsprogramm
Neiegkeeten

D‘Populisten an Italien hunn hire Regierungsprogramm

D‘Koalitioun „Cinque Stelle“ (M5) – Lega Nord huet um Donneschdeg

money
AstraZeneca-Impfstoff – Wat leeft?
Neiegkeeten

AstraZeneca-Impfstoff – Wat leeft?

Europa sicht händeréngend no Covid19-Impfstoffer. Dat well et engersäits eppes

Well et net ouni geet…
Neiegkeeten

Well et net ouni geet…

Eigentlech ass et traureg, datt d‘Police besonnesch am Horesca-Secteur esou

Hëllef fir d’Amphibien: Ënnerstëtzt eng sécher Migratioun

Hëllef fir d’Amphibien: Ënnerstëtzt eng sécher Migratioun

Et ass nees un der Zäit fir eis Amphibien iert Wanterquartéier am Bësch ze verloossen an hir Läichplaz opzesichen. Um Wee dohinner erwaarden si awer vill Geforen. D’Naturverwaltung (ANF) an natur&ëmwelt hunn dofir Wëlles, mat Ärer Hëllef d’Risikozonen ze identifizéieren an noutwenneg Moossnamen anzeriichten, fir dass Fräsch, Mouk a Co sécher un hiert Zil kommen.

Vun ëm Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll fënnt d’Migratioun vun den Amphibië statt. Douce Temperaturen um Owend (> 5°C), fiicht Wierder, respektiv Reen, an d’Deeg déi ëmmer méi laang ginn, sinn ideal Konditioune fir sech op de Wee ze maachen. Allerdéngs setzen si sech virun allem op de vill befuerene Stroossen engem Risiko aus. Et geet ëm Liewen an Dout.

Fir d’Stroosse fir eis Amphibië méi sécher ze maachen, sollen déi Persounen, déi ee Passage kennen, dësen iwwert e Formulaire matdeelen. Déi perséinlech Coordonnéeë gi gefrot, fir wann d’ANF oder natur&ëmwelt Iech wéinst weideren Informatiounen zu den Observatioune kontaktéiere missten.

Just mat Ärer Hëllef kënne Moossnamen ageriicht ginn, wéi beispillsweis Barrièren, Amphibientunnellen oder och temporär Spärung vu verschidde Strecken, jee no Intensitéit vum Verkéier vun Amphibie a Mënsch. Op geoportail.lu sinn elo scho bekannt Migratiounsrouten a Rettungsaktivitéiten ze fannen. Och do fannt Dir weider Informatiounen, wann Dir selwer un enger Rettungsaktioun deelhuelen, d’Amphibien opsammelen a si a Sécherheet nees fräiloosse wëllt.

Detailer ginn et op environnement.public.lu an op www.naturemwelt.lu.

Opmaacherbild: © Jean Kobben

Related topics Amphibien, ANF, Campagne, Läichplaz, Migratioun, natur&ëmwelt, Naturverwaltung, Sécherheet, Verkéier, Wanterquartéier
Next post Previous post