Search

You may also like

Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg
International Neiegkeeten

Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg

Den 8. November hunn d‘Zaldoten an Zaldotinnen um Härebierg zu

ASTI: Ee wéineg ambitiéise Koalitiounsaccord fir d’Zesummeliewen
International Neiegkeeten

ASTI: Ee wéineg ambitiéise Koalitiounsaccord fir d’Zesummeliewen

Virun de legislative Wahlen hat ASTI seng Iwwerleeungen a Propositiounen

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft
International Neiegkeeten

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Den neie Weltmeeschter am Compound-Bouschéisse kënnt aus Lëtzebuerg a n

D‘Mouer hunn hir Schëllegkeet gedoen, elo kënnen se goen…

Nom ofgeschlossenen Amtsenthiewungsverfaren: US-President entleedegt sech den Zeien

D‘Mouer hunn hir Schëllegkeet gedoen, elo kënnen se goen…

Datt dat mam Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) géint den Donald Trump géif zugonschten dem Bekloten ausgoen, war gewosst nach iert d‘Demokraten am Representantenhaus d‘Prozedur gestëmmt haten. Grond: De Senat ass an den Hänn vun de Republikaner an déi schéissen net op déi eege Leit (wann et net muss sinn).

Elo huet dëst amerikanescht Koméidistéck awer fir eng Rei Leit Konsequenzen. Zwee Haaptzeien, den Oberstleutnant Alexander Vindman an den US-Ambassadeur bei der EU, Gordon Sondland, si vum Donald Trump bei der Däiwel gejot ginn. An dat zimlech graff: esou soll den Alexander Vindman vun de Sécherheetskräften aus dem Wäissen Haus „eskortéiert“ gi sinn.

AmtsenthiewungsverfarenMam Alexander Vindman gëtt eng Schlësselfigur vum Impeachment aus den hellegen Hale gejot. Dat ass, ugesiichts dem Fait datt den Offizéier ee Member vun nationale Sécherheetsrot ass, éischter ongewinnt, mee wéi et den US-President sot: „Ech sinn net zefridde mat him“. Gutt fir net den Androck ze maachen hie wier „nodroend“, hunn „aner“ Leit d‘Entscheedung aktéiert.

Erënnere mir awer drun, datt den Alexander Vindman am November als Zeie bei den Unhéierungen am Kontext vum Amtsenthiewungsverfaren, zolidd Kritik um geniaalsten US-President aller Zäite gewot hat. „Et war net ubruecht an onugemiess vum President, eng Ermëttlung zu engem politesche Géigner anzefuerderen“, hat de féierenden Ukrain-Expert am nationale Sécherheetsrot ausgesot.

Bei esou enger Ausso muss ee Versteesdemech dofir hunn, datt eng weider Zesummenaarbecht net wierklech méiglech ass. An dat muss een esou och op den US-Ambassadeur bei der EU ëmleeën, dee gläichfalls als ee vun den zentralen Zeien am Impeachment-Prozess ze bewäerten ass. Hien hat am Verfare bestätegt, datt den Trump d‘Militärhëllef fir d‘Ukrain mat „Konditioune“ verknäppt hat.

Amtsenthiewungsverfaren

Esou huet den Donald Trump dem neien ukrainesche President Wolodymyr Selenski déi „Hëllef“ géint Ermëttlungen zur Persoun vum Hunter Biden, Fils vum Presidentschaftskandidat Joe Biden, an Aussiicht gestallt. Dat ass wuel Muechtmëssbrauch, an och d‘Behënnerung vun der Enquête zu dësem „Virfall“ sollt engem US-President net wierdeg sinn. Mee dat gesinn d‘Amerikaner anescht.

Den Donald Trump, ass trotz oder grad wéinst dem US-Wahlkampf an top-Form a geet aus dësem Amtsenthiewungsverfare gestäerkt ervir. Hien d‘Figur vum „anti-Establishement“, de Mann deen Amerika versprach huet nees grouss ze ginn an all Errongenschaft op seng Persoun bezitt, ass elo beléift wéi ni. Et misst deemno schonn zolidd eng geschéien, wann hien net sollt erëmgewielt ginn.

mat indymedia/was

Related topics Alexander Vindman, Amtsenthiewungsverfaren, Donald Trump, Entlossungen, Fräisproch, Gordon Sondland, Impeachment
Next post Previous post