Search

You may also like

Beréngung um Faerschthaff: Den Eile ganz no
International Neiegkeeten

Beréngung um Faerschthaff: Den Eile ganz no

S.A.R. de Groussherzog ass, zesumme mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg,

surprise
Am Guckelche vum Orkan
International Neiegkeeten

Am Guckelche vum Orkan

Wat ass drun un de Rumeuren, déi besoen, datt de

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf
International Neiegkeeten

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf

Fënnef vun den aacht Parteien, déi bei de Chamberwahlen am

D‘Mëttelmier an de Fäng vu Bränn an Hëtzt

An der Tierkei brennt et zanter Deeg, esou och an Italien an a Griicheland dinn d‘Leit sech mat Temperaturen ëm déi 45°C schwéier

D‘Mëttelmier an de Fäng vu Bränn an Hëtzt

Ob een ënnert dëse Konditioune gutt beroden ass an d‘Vakanz ze fléien? An der Tierkei brennt et am Land selwer wéi och op de Küsten. Säit dem Mëttwoch hätten sech bis zu 71 Feier entwéckelt. D‘Biller déi den Tierken an d‘Stuff geliwwert ginn, weisen Dampwolleken a verkuelt Landschaften. Ganz schlëmm wier et an der Provënz Antalya, wou de d‘Feier a bewunnt Gebidder geblosen huet.

An dësem Kontext mellen d‘Autoritéiten, datt véier Mënschen an de Flamen ëmkomm sinn. Et solle weider Mënsche blesséiert gi sinn, en Detail dozou huet et net, et ass elo awer gewosst datt sech ënnert de Verletzen och auslännesch Touriste befannen. An der ganzer Regioun ass dann och nach de Stroum ausgefall. D‘Autoritéiten ënnersichen zur Stonn och d‘Ursaache vun dësem Feierstuerm.

De Sultan Recep Tayyip Erdogan huet senge Landsleit erkläert, datt esou eppes net normal ass an ee och muss dovunner Ausgoen, datt regierungsfeindlech Gruppéierungen, méiglecherweis d‘PKK an Aktiviste vun der HDP hannert dëse Feiere stiechen. Offiziell gëtt dann och matgedeelt datt et an dësem Kontext schonn zu Verhaftunge komm ass. 3 verdächteg Persoune géifen zur Stonn befrot.

Sardinien, Sizilien mee och Griicheland

Och an Italien sinn vill touristesch Géigende vun dëse Bränn betraff, hei ganz besonnesch d‘Insele Sardinien a Sizilien. Op Sardinien ass et besonnesch de Weste vun der Insel deen a Matleedschaft geroden ass, hei geet de Schued an den dräistellege Milliouneberäich. Op Sizilien ass vie all d‘Provënzen déi héchste Féieralarmstuf ausgeruff ginn. A Süditalien brennen eng Rei Bëscher…

Wann d‘Hellenen elo keng gréisser Feier an/oder Bränn mellen, esou läit den Thermometer hei säit enger gudder Woch stänneg iwwer 40°C. Fir de Weekend sinn duerchgängeg Temperature vun iwwer 45°C gemellt ginn. Nuets falen dës Temperaturen net méi ënner 30°C… an dat alles soll sech iwwert déi nächst zéng Deeg esou halen. Et gëtt de Leit ofgeroden sech an der Sonn opzehalen.

Vum Zivilschutz ass d‘Uerder ausgaangen, d‘Aarbechten am Fräien anzestellen. D‘Leit sollte bei dësem Wieder op Alkoholkonsum verzichten, ëfters eng Dusch huelen an hell, méiglechst Kleeder aus Léngent oder Kotteng undoen an sech aus der praller Sonn eraushalen. A ville gréissere Stied si klimatiséiert Säll fir d‘Bierger opgemaach ginn, déi keng Klimaanlag bei sech doheem hunn.

mat indymedia/tlv/rom/ath

Illustratioun: © Keren Fedida / unsplash

Related topics Äerderwiermung, Bëschbränn, Griicheland, Hëtztwell, Italien, Klimawandel, Mëttelmier, Tierkei
Next post Previous post