Search

You may also like

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa
Kultur Neiegkeeten

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa

2019 ass d‘Joer vun den Europawahlen, an nach iert et

An der Schwäiz studéieren: mat enger Bourse vun der Konfederatioun
Kultur Neiegkeeten

An der Schwäiz studéieren: mat enger Bourse vun der Konfederatioun

An engem Communiqué hunn, déi Schwäizer federal Kommissioun vun de

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“
Kultur Neiegkeeten

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“

Um Dënschdeg huet d’EU-Parlament sech géint d’Fësche mat elektreschem Impuls

An de Kinoe ginn d‘Luuchten aus… mee d‘Leinwand bleift onbespillt

An de Kinoe ginn d‘Luuchten aus… mee d‘Leinwand bleift onbespillt

D‘Kinoe mussen – wéi d‘Theateren, d‘Bistroen an d‘Restauranten och – entspriechend dem Gesetz datt haut vun de Koalitiounsparteien duerch d‘Chamber gejot gëtt, elo hir Diere schléissen. Dobäi hat dëse Secteur sech eigentlech beschtens op all d‘Oplage virbereet an agestallt kritt. Virun allem déi méi kleng Spillhaiser dierft et méi haart treffen.

Elo kann ee wuel d‘Argument uféieren, datt nodeems den Etat de Kris bäigeluecht gouf, och net grad ganz Busser bei de Kinoe virgefuer sinn. Woubäi, wann ee sech d‘Zuele vun de Gäscht, déi d‘Open-Air Offer begréisst an ugeholl hunn, eppes méi genee ukuckt, esou ass gewosst, datt déi grouss Leinwand nach ëmmer wesentlech méi Charme huet wéi de Schlappekino, an dat ass gutt.

Richteg ass anersäits awer och, datt de Choix un neie Filmer éischter Moer ass. Et ass een dann och an der Branche net rosen op d‘Regierung an déi getraffen Decisiounen. Wann een emol vum Grupp Kinepolis ofgesäit, sinn et jo éischter „kommunal“ oder „lokal“ geréiert Kinoen, bei deenen et net ëm de renge Profit geet. Dës Haiser erfëlle jo och eng sozial Funktioun a gi subventionéiert.

A wärend Kinepolis vu sech aus behaapt, datt si gutt opgestallt wieren an dës Kris ze bewältegen ass, denken déi „Kleng“ am Gruppement „Caramba“ iwwer Alternativen no. Esou bitt Caramba dann elo de Kino via eng Streaming-Plattform un, dat esouguer mat der Méiglechkeet, sech nom Film mat de Regisseuren oder Acteuren zum Film auszetauschen. Dat soll och erhale bleiwen.

Illustratioun: Wann ee bedenkt, datt et bis ewell just de Preisen am Mee 1940 gelonge war d‘Kinoen zouzemaachen, da weess ee wéi eng Geforen sech hannert dem Covid19 verbiergen. © Nick Bolton / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Fermeture, Kino, Kultur, Lockdown
Next post Previous post