Search

You may also like

Coronakris a Blutt spenden: Wéi ass d’Lag?
International Neiegkeeten

Coronakris a Blutt spenden: Wéi ass d’Lag?

Blutt spenden ka Liewe retten! Leider hunn ech wärend menge

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?
International Neiegkeeten

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?

Am Sträit tëscht den USA an dem Iran, gëtt sech

Washington betruecht iranesche Supertanker als US-Eegentum
International Neiegkeeten

Washington betruecht iranesche Supertanker als US-Eegentum

Am Sträit tëscht den USA an dem Iran gëtt et

D‘Tierke kréien d‘Feier net an de Grëff

An der Tierkei brennt et un allen Ecker, an d‘Vollek fuerdert de Récktrëtt vum Sultan

D‘Tierke kréien d‘Feier net an de Grëff

Bei eis ass Schmuddelwieder an muncher uerts gëtt nach un de Nowéie vun den Onwieder vu Mëtt Juli gedoktert. An der Tierkei dogéint huet et Bësch- a Buschbränn. De Recep Tayyip Erdogan säin osmanescht Räich zerfält zu Äschen. Am Süde vum Land mussen Touristen evakuéiert gi well ganz Hotelsanlage bedreet sinn an am Südwesten ass e Kuelekraaftwierk vun de Flamen ageschloss.

Ëstlech vun Antalya an der Regioun Manavgat schéngen d‘Feier am schlëmmsten ze sinn, woubäi d‘Autoritéiten hirersäits behaapten alles ënner Kontroll ze hunn. Allerdéngs briechen al Dag nei Bränn aus. Nuets bitt sech den Tierken an den Touriste gläichermoossen d‘Bild vun der Apokalyps. Ganz Dierfer goufe vun de Feier geschléckt… hei stinn d‘Mënsche wuertwiertlech virum Näischt.

Tierkei

Well et an der Tierkei nach eppes méi krass a punkto Informatiounszougank ass wéi zu Lëtzebuerg, kann een den Ëmfang vun der Katastroph nëmmen aschätzen. Experte ginn unhand der Analys vu Satellittebiller dovunner aus, datt ronn dausend Quadratkilometer vollstänneg verbrannt sinn. An de Schued un der Natur ass riseg, an am Kontext vun engem kontestéierte Klimawandel bedréckend.

Op Hëllef ugewisen

Eppes wat dem Sultan esou guer net an de Krom passt: hien dee sech als Leader vun der arabescher Welt gesäit, muss sech Hëllef bei „Partner“ sichen, déi hien ënnert aneren Ëmstänn éischter zësst a provozéiert. Dat huet ee simpele Grond: d‘Tierkei hat wuel Geld fir d‘Oprëschtung vun der Arméi a fir Militärasätz a Libyen, Syrien an a Bergkarabach, net awer fir Läschfliger déi gebraucht ginn…

Déi kommen elo aus Kroatien, Russland, Spuenien an der Ukrain. Et ass net erlaabt dem Sultan d‘Fro nom „Firwat huet esou eng grouss Natioun wéi d‘Tierkei keng Läschfliger?“ ze stellen. Fir sécherzestellen, datt déi och net gestallt gëtt, huet hie seng Ronn duerch d‘Katastrophegebitt mat ausgewielte Berichterstatter gedréint. Trotzdeem steet säi Krisemanagement zolidd an der Kritik.

Déi „einfach“ Mënschen, wou eigentlech all hirem Führer nogelaf sinn a dësen anscheinend mat ganz demokratesche Mëttel un d‘Muecht bruecht hunn, sinn elo veriergert. Si werfen der Regierung vir, net op dës Katastroph virbereet gewiescht ze sinn. Gutt, et ass och komplizéiert gläichzäiteg un alle Konflikter deelzehuelen, de Klimawandel ze leegnen an sech op Katastrophe virzebereeden.

Op der falscher Plaz (a)gespuert?

Et gëllt als erwisen, och wann déi zoustänneg Verwaltungen all Schold vu sech weisen, datt déi ganz Sécherheetsinfrastruktur ënnert dem Mandat vum Recep Tayyip Erdogan vernoléissegt gouf. Dobäi ass der Regierung an den Tierken insgesamt bekannt, datt de Süde vum Land „ufälleg fir Feier“ ass. Et schéngt bis ewell ëmmer gutt ausgaangen ze sinn, datt keng Preventioun néideg war.

Zur Stonn awer kämpfe 15 Läschfliger (aus dem Ausland) an eng 5.000 Männer um Buedem géint ee Feier, vun deem d‘Awunner op der Plaz ausginn, datt si dat net wäerten an de Grëff kréien. Vun der Oppositioun gëtt der Regierung Verantwortungslosegkeet ënnerstallt, an och an de sougenannte sozialen Netzwierker tauchen ëmmer méi Attacke géint de Sultan op. Dee weist alles zeréck…

Tierkei

Interessant awer, datt d‘Regierung – déi d‘Pressefräiheet ofgeschaaft huet – déi national Medien huet missen „warnen“. Vun der nationaler Rundfunk-Opsiicht goufen déi tierkesch Medie kloer ugewise keng negativ Berichter ze publizéieren/senden. Dat wier schlecht fir d‘Moral an dat ka säitens den Autoritéiten net toleréiert ginn. Wier schlecht Stëmmung mécht gëtt also bestrooft?

mat indymedia/tlv

Foto: Spuenien huet och Läschfliger an d‘Tierkei geschéckt, fir zesumme mat de Kroaten, Russen an Ukrainer Hëllef ze leeschten © Ambassade vu Spuenien an der Tierkei

Related topics Bëschbränn, Buschbränn, Klimawandel, Läschfliger, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post