Search

You may also like

Biodiversitéit betrëfft eis all, net nëmmen d‘Landwirtschaft
International Neiegkeeten

Biodiversitéit betrëfft eis all, net nëmmen d‘Landwirtschaft

De Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB), hat am Fréijoer mat de

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun
International Neiegkeeten

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun

Och zu Lëtzebuerg leeft zënter enger gudder Woch net méi

NATO setzt eisen Ausseminister ënner Drock
International Neiegkeeten

NATO setzt eisen Ausseminister ënner Drock

Zu Bréissel huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg engersäits mussen op

D‘Britten dierfen nees an d‘Schoul

No bal zwee Méint Lockdown, huet de Boris Johnson déi „national Kraaftustrengung“ gelueft

D‘Britten dierfen nees an d‘Schoul

Virun der Reouverture vun de Schoulen huet de brittesche Premierminister Boris Johnson senge Landsleit fir hiren Asaz am Kampf géint de Coronavirus an héchsten Téin gelueft. Si wieren et gewiescht, déi de gréisste Part geleescht hätten.

“Dank der Entschlossenheet vun all eenzelem am Land, kënne mir dem Gefill vun Normalitéit méi no kommen an et ass richteg, datt et den éischte Schratt ass, eis jonk Mënschen nees an den Unterrecht ze bréngen“, esou de brittesche Regierungschef. Den Educatiounsminister Gavin Williamson huet sengersäits vun „engem erfreeleche Moment fir Millioune Mënsche“ geschwat.

an d‘Schoul

Elo bleift awer d‘Gesondheet am Vereente Kinnekräich an der Verantwortung vun den eenzele Landesdeeler. A Schottland ginn d‘Kids dann och schonn zënter enger Woch nees an d‘Schoul. Elo huet d‘Regierung, fir d‘Situatioun ënner Kontroll ze behalen, de Schoulen a Lycéeë 57 Millioune Covid19-Schnelltester zoukomme gelooss. Mee et sinn nach eng ganz Rei Mesure geholl ginn.

D‘Teststrategie ass ee vun de Schlëssel fir d‘Dier zur sanitärer Fräiheet opzestoussen. An esou ass decidéiert ginn, datt a Famillje mat Schoulkanner, all Erwuessenen zwee Covid19-Tester pro Woch soll maache kënnen. Wann sech alles opgeet, wéi dat zu London aktuell geplangt ass, sollten eis brittesch Frënn schonn den 21. Juni d‘Enn vun allen Aschränkunge feiere kënnen.

an d‘Schoul

Op ee Samschdeg, esou déi offiziell Info, hate ronn 21,5 Millioune Britten déi éischt Dosis vum Vaccin kriutt. Bis Enn Juli sollen all déi Erwuessen eng éischt Dosis ugebuede kritt hunn. Den nationale Gesondheetsdéngscht NHS huet sengersäits ugekënnegt, datt elo och d‘Impfphas vun de 56 bis 59 järegen ulafe kann. D‘Zuel vun den Neiinfektioune bleift aktuell weider Reéckleefeg.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Bruce Mars / unsplash

Related topics Boris Johnson, Covid19-Pandemie, Groussbritannien, Impfstrategie, Lockdown, Teststrategie
Next post Previous post