Search

You may also like

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert
Neiegkeeten

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert

E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder

Crèche zu Maarnech: Wie konnt dat autoriséieren?
Neiegkeeten

Crèche zu Maarnech: Wie konnt dat autoriséieren?

Am Mäerz 2019 huet zu Maarnech eng Crèche hir Dieren

dislikegeek
Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen
Neiegkeeten

Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen

D‘CNIL (Commission Nationale de l‘Informatique et des Libertés) werft dem

Et huet nach „Problemer“ an eisen Alters- a Fleegeheemer

Et huet nach „Problemer“ an eisen Alters- a Fleegeheemer

Mat senger parlamentarescher Fro (4733) vum 27. Juli, huet den honorabelen Deputéierte vun der Piratepartei, Marc Goergen, net nëmmen eng Rei Problemer an den Infrastrukturen opgedeckt, mee och d‘Familljeministesch Corinne Cahen eppes gezësst. Zu Recht, wéi dann och aus der Äntwert vun der Ministesch ze enthuelen ass…

Am Fong weist sech den Deputéierte „just“ verwonnert doriwwer, datt mir zu Lëtzebuerg am Joer 2021, nach ëmmer Haiser hunn, an deenen déi sougenannt Intimsphär (net ze verwiessele mat der Privatsphär) eppes disparat ass. Esou kritt ee beispillsweis bei Servior (gehéiert der kathoulescher Kierch) dem Maartleader vun de Seniorebetreiung, scho bei der Beschreiwung eppes de Kappwéi.

Zumindest sinn se bei Servior am Aklang mat de chrëschtleche Wäerter an erklären de Leit scho beim uklicke vun der „Zëmmerbeschreiwung“, datt „nach net all Zëmmer iwwert eng privat Dusch verfüge géif. Béi engem Zëmmer wou de Präis bei 2.640 Euro/Mount ufänkt, versteet een dann och séier, wou sech d‘Täsche fëllen. Nee, et gëtt keen Zesummenhang mat de Paie vun de Salariéeën.

Fir dat Geld gëtt et eng Spëndche mat engem Bett, enger Toilette an engem Lavabo. Wien do mengt et géif de Locataire vu Brochbuden iwwer Bistroen net gutt ergoen (finanziell) dierft elo eppes iwwerrascht sinn. Woubäi, wann et engem egal wéi sozial schwaach opgestallte Mënschen hausen, kann et engem jo bei den „Alen“, déi just op hiert Enn waarden, wuel och net grouss wichteg sinn.

Moment, et muss relativiséiert ginn…

Aus der Äntwert vun der Ministesch, där een aus Grënn elo keng Proximitéit zum Bistum oder der kathoulescher Kierch sollt ënnerstellen, geet emol aleedend ervir, datt mir Lëtzebuerg iwwer 52 Strukture verfügen. An dësen huet et 5.935 Logementer mat 6.422 Better (475 Duebelzëmmer an zwou Oasen). Wat d‘Situatioun ubelaangt, esou gëtt sech op den Aktivitéitsbericht 2020 bezunn.

Laut dem Corinne Cahen, huet et zéng Haiser, an deenen et „komplizéiert“ ass, respektiv et 495 Logementer huet, déi keen direkten Accès zu engem Buedzëmmer hunn. An esouguer do hätt et nach Ënnerscheeder, bezunn op „Toilette“ an/oder „Dusch“. Bei 779 Logementer ass et esou gereegelt, datt sech zwee Logementer ee Buedzëmmer deelen. Dat betrëfft an dësem konkrete Fall esouwuel Duebelzëmmer, wéi Eenzelzëmmer mat „Verbindung“. Am Kontext „Oase“ deelen sech bis zu néng Persounen ee Buedzëmmer.

Weess da jidderee Bescheed op wat e sech bei aléist? Laut der Ministesch ass am Kontext vum Gesetzprojet 7524 „geplangt“ datt déi sanitär Ariichtunge pro Typ vu Logement sollen affichéiert ginn. Dofir misst d‘Gesetz dann awer emol gestëmmt ginn, an et sollt dann och een iwwerpréiwen, datt sech dru gehale gëtt. Legiferéieren ass jo einfach, bsp.: „Taxéiere vun eidelem Wunnraum“.

De Maart reegelt dat schonn…

A jo et ass net dem Corinne Cahen seng Schold datt, engersäits déi successiv CSV-Regierungen hirer Kierch, an dem Bistum am besonneschen, all méiglech an onméiglech Privilegien zougestanen hunn (jo si goufen ëmmer tatkräfteg vun de Koalitiounspartner DP respektiv LSAP gestäipt) an et kann een och dësem Familljeministère kee Virworf zum Alter vun den Infrastrukture maachen.

Well anersäits de Bedreiwer jo de Benefice mat „anere“ muss deelen an esou net wierklech Geld do ass fir grouss Upassungen un déi haiteg gesellschaftlech Bedierfnesser unzepassen, zudeem et keng Grondstécker huet fir nei Strukturen ze bauen, sollt een net mat enger schneller Léisung rechnen. Et gëtt awer, wéi et am Punkt 4 vun der Äntwert heescht, intensiv un den Norëschtunge geschafft.

Richteg ass och, datt et zu Lëtzebuerg – emol Abstraktioun vum Präis gemaach – de Leit soll vill besser ergoe wéi am Ausland. Et huet vill Animatiounen (Thé-Dansant, Île aux Clowns, asw.) an et kommen och reegelméisseg, also virun alle Walen, ëmmer vill frëndlech Leit laanscht, déi sech den Doleance vun dem Heembewunner unhuelen, an dësen erklären, datt si et wäerte besser maachen…

Illustratioun: Et ass jo net wéi wann d‘Zëmmer misst riseg sinn, an d‘Privatsphär gëtt jo och majoritär respektéiert. Mee de Volet Kierperhygiène geet mat Intimsphär anhier, an déi verléiert een am héijen Alter nach fréi genuch. © Ulrich Derboven

Related topics Altersheem, Corinne Cahen, Familljeministesch, Fleegeheem, Marc Goergen, parlamentaresch Fro 4733, Piratepartei
Next post Previous post