Search

You may also like

Belsch: Den UN-Migratiounspakt zerrappt d‘Koalitiounsregierung
Kultur Neiegkeeten

Belsch: Den UN-Migratiounspakt zerrappt d‘Koalitiounsregierung

De belsche Premierminister, Charles Michel, huet e Sonndeg, nodeems déi

Franséischen Deputéierte wëll Pressefräiheet begrenzen
Kultur Neiegkeeten

Franséischen Deputéierte wëll Pressefräiheet begrenzen

Een Dag nodeems et zu Minneapolis zur enger – wéi

Editorial: Elo soll den Autofestival ofgeschaaft ginn
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Elo soll den Autofestival ofgeschaaft ginn

Et gëtt Saachen, déi falen engem einfach esou virun d‘Féiss

Léiwer angschtafléissende Clown oder awer nees Hex?

An enger Woch ass Halloween an esou lues sollt ee wësse wéi sech verkleede wëll

Léiwer angschtafléissende Clown oder awer nees Hex?

D‘Nächst Woch gëtt – wann ee schon net den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU zelebréiere kann – nees Halloween gefeiert. E Fest bei deem den „Horror“ am Mëttelpunkt steet an zudeem och eng zolidd wirtschaftlech Komponent ëmfaasst.

Nieft de ville Veranstaltungen déi uechtert Land fir Kleng a Grouss „Grujeleger“ organiséiert ginn, ass Halloween och déi Zäit, wou déi Geschäfter wou „Kostümer fir all Geleeënheete“ verlounen, zimlech eppes ze dinn hunn. Et ass souzesoen d‘Fuesent virun der Zäit, an esou lues sollt ee wëssen als „Wat“ ee sengen Zäitgenosse géinteniwwer triede wëll.

An heibäi geet et dann och net eleng ëm d‘Verkleedung a sech. Sécher déi muss „perfekt“ sinn a méiglechst grujeleg, mee dat geet bei wäitem net méi duer. Zum „Kostüm“ brauch et déi passend Accessoiren, an och do huet sech um Marché eppes gedoen. Halloween-Accessoire ginn ëmmer méi beléift a de Client schéngt och bereet dofir Geld an de Grapp ze huelen.

Vergiesse mir dann och net ze erwänen, datt Halloween dank der sozialen Netzwierker – alle viru Facebook an Instagram – e globalgesellschaftlechen Event ginn ass, an een natierlech versicht ass, alles ze maache fir dee schéinste Selfie an d‘Netz ze stellen. Halloween als Sprangbriet fir de perséinlechen Egotrip? Mat a firwat och net, d‘Liewe soll jo och Spaass maachen…

Mee et gëtt och eng Tréin am Knapplach, zumindest fir eis Commerçanten, déi bei wäitem net méi esouvill verkafe wei nach Ufank den 2000er. A während d‘Geschäftsleit der Usiicht sinn et hätt vläicht en Ëmdenke ginn, muss een anersäits feststellen, datt et ëmmer méi Events gëtt. Dat passt net beienaner. Ma d‘Ursaach läit ei esou oft ganz no.

Zum engen ass et richteg, datt d‘Leit sech ëmmer méi spéit „entscheeden“ an zum anere kann een sech hautdesdaags mat allem andecken, ganz ouni ee Fouss vrun d‘Dier ze setzen. D‘Offer am Netz ass dann och nach oft vill méi villfälteg wéi an deem „enge“ Geschäft. Eraussiche kann ee seng Verkleedung ganz bequem vun der Fotell aus an et geet beliwwert.

U sech immens schued, well – wann ee emol vun eisem Sproocheproblem ofgesäit – an deene Geschäfter wou mir eis hunn dierfen ëmkucken, d‘Frëndlechkeet an d‘Qualitéit vun der Berodung näischt ze wënschen iwwreg gelooss hunn. Et ass leider och richteg, datt jee nodeem wéi eng „Wënsch“ een huet, den Internet méi Optiounen ubitt.

Foto: Enrique Meseguer / Pixabay

Related topics Halloween, Horror, Kostümer, Party, Verkleeden
Next post Previous post