Search

You may also like

Bundeskanzlerin Angela Merkel no Pressekonferenz a Quarantaine
International Neiegkeeten

Bundeskanzlerin Angela Merkel no Pressekonferenz a Quarantaine

„Mutti“ muss doheem bleiwen, Bund a Länner jäizen no Kontaktverbuet

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!
International Neiegkeeten

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!

Et ass nees esou wäit: D’Literaturarchiv zu Miersch feiert de

Bestietnes tëscht FNCTTFEL-Landesverband an OGBL
International Neiegkeeten

Bestietnes tëscht FNCTTFEL-Landesverband an OGBL

Säit gëschter gehéiert den FNCTTFEL-Landesverband provisoresch zum OGBL. Nom Kongress

An Tëschenzäit an Nordkorea

Laut dem südkoreaneschen Etat-Major huet Pyongyang en Dënschdeg nees Kuerzstreckerakéite getest

An Tëschenzäit an Nordkorea

Wärend op der (bal) ganzer Welt d‘Regierunge mam Coronavirus Covid19 geplot sinn. Esouguer d‘Russen denken driwwer no Geld aus dem Rëschtungsetat ofzezweigen, schéngt de Kim Jong-Un de globale Stëllstand ausgibeg ze notzen.

Esou bericht den Etat-Major vu Südkorea, datt um Dënschdegmuere bannent 40 Minutten, de Feind gelenkte Kuerzstreckerakéiten aus dem Ëmfeld vun der Stad Munchon ofgeschoss huet. Et kéint sech, esou de Etat-Major, heibäi ëm sougenannt „Buedem-Mier“ Rakéite gehandelt hunn, déi géint Schëffer agesat ginn. D‘Rakéite wieren no 150 Kilometer an d‘Mier gefall…

D‘Analys zu den „techneschen Detailer“ wëllen d‘Südkoreaner zesumme mat den US-Autoritéiten an Ugrëff huelen. Pyongyang huet am Mäerz, no gutt dräi Méint Paus, seng Rakéitentester nees opgeholl. Am Mäerz soll Nordkorea véier Rakeitentester duerchgefouert hunn, an hätt esou dann och géint d‘UN-Resolutiounen an d‘Sanktioune verstouss, déi dem Land operluecht goufen.

mat indymedia/sel

Foto: De Kim Jong-Un huet keng Loscht op Homeoffice an huet seng Ingenieuren ugehalen sech weider ëm den Ausbau vum ballisteschen Arsenal ze këmmeren. Op dës „nei Spillsaachen“ och d‘Erwaardunge vum nordkoreanesche Staatschef erfëllen, muss natierlech ausprobéiert ginn. © Yonhap (Archives)

Related topics Kim Jong-Un, Kuerzstreckerakéiten, Nordkorea, Rakéitentest, Südkorea
Next post Previous post