D‘Woch mat engem „Hausbéier“ an Ugrëff huelen

Am Béier-Adventskalenner vu La Punta, huet nieft klengen Exklusivitéiten a sëffege Secreten, och Béier, datt sech Bedreiwer vu gastronomeschen Tempel no eegenem Goût vun enger ausgewielter Brauerei zesummestelle loossen. Dat trëfft esou och den Hotel-Restaurant Jacoby zou, oder besser gesot de Bräiläffel zu Klengbetten. Ee gestanenen innovative Familljebetrib mat eppes Wäitsiicht.

Wa mir elo aus Grënn de Restaurant am Fokus hunn, esou huet dat natierlech mat Béier ze dinn a well et an dësem Haus ee Béier-Sommelier huet – dat ass de Ralph Schmitt, dee senger Fra, dem Fabienne Jacoby zur Säit steet – wollt ee kucken, ob hiren Hausbéier, de „Bettener“ zum gudde Ruff vun dësem Fleuron vun der Lëtzebuerger Gastronomie passt. Ass jo alles net esou einfach…

Mir halen der Rei no fest: de Bettener ass een ongefilterte Pils mat Charakter. Fir dësen – also de Charakter – dréit keen anere Verantwortung wéi dem Benny Wallers (Heischter Brauerei) säi Braumeeschter, de Stephan Schütz. E gudde Kärel dee säi Kapp benotzt, firwat Pils a Pils net muss dat selwecht sinn. Dat fänkt domadder un, datt de Bettener „handgemaach“ ass, also net aus dem „groussen industriellen Dëppe“ kënnt. An dann ass dësen aus ganz gudde Grënn ongefiltert.

Zum engen ass den ongefilterte Pils gutt verdaulech, a wéi d‘Frënn vum gudde Béier wëssen, eppes méi douce, ouni Abousse bei den „Ëmdréiungen“ a kaf ze huelen. An de Bettener ass, grad wéi de ganz sympathesche Sommelier, ee richteg gëllege Begleeder bei Dësch. Wann ee beispillsweis den Träipe mat Gromperepüree net sollt widderstoe kënnen, da sollt de Bettener um Dësch net feelen.

Et ass och de beweis erbruecht, datt de Bettener sech zuweilen och vegetaresch ubitt… Esou als Accompagnement zum vegetaresche Chilli mam gereecherten Tofu. Wien dës Unioun sollt dierfe gastronomesch zelebréieren, wäert grad esou iwwerrascht wéi begeeschtert sinn. De Däiwel ass datt eppes Gutts. An natierlech passt en och bei Kallefséiercher an der Moschterzooss vu Meaux.

A jo et ass richteg, fir dem „Bettener“ no ze komme muss een de Bräiläffel. Dat nennt een dann eng Win-Win Situatioun, wëll net nëmmen datt ee sech vun der Qualitéit vum Béier iwwerzeege kann, et gëtt och nach eppes fir tëscht d‘Zänn. Sinn dës Etappen iwwerstanen, sollt een net vergiessen sech ee Saz Fläsche mat Heem ze huelen, an de Frënn seng Erfarunge beim Patt iwwermëttelen.

Dernières nouvelles