Search

You may also like

What the Fakt – Viru 17 Joer presentéiert Apple den éischten iPod
Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 17 Joer presentéiert Apple den éischten iPod

A manner wéi engem Joer gouf den Player entwéckelt a

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied
Neiegkeeten

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied

Déi éischt Editioun vun der European Cinema Night wäert vum

money
D‘Britten op der Sich no Handelsbezéiungen
Neiegkeeten

D‘Britten op der Sich no Handelsbezéiungen

Elo wou de Premierminister Boris Johnson säi Vollek nees an

Anger Fest 3.0 – Headbange fir de gudden Zweck!

Et war schonn déi drëtt Editioun vum Metal Festival an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht. Um Samschdeg Owend hu sech d’Fans vun der haarder Musek zesumme fonnt fir um Anger Fest net nëmmen ee musikalescht Highlight ze erliewen, mee och nach eppes fir de gudden Zweck ze maachen.

Wann ee si héiert jäizen, an d’Saite schloen an op d’Batterie hummeren héiert kéint een et bal mat der Angscht ze di kréien. Wien sech awer e bësse mat dëser Museksrichtung beschäftegt mierkt schnell, datt hannert de staarke Kärelen, déi sech un dësem Owend d’Séil eraus gejaut hunn, een immens sozialen a mëlle Kär stécht. Sollt een et nämlech nach net gemierkt hunn, sinn et meeschtens d’Metaller, déi sech mat hirer Passioun fir anerer asetze wëllen.

Nodeems bei den zwou leschten Editioune fir „Give Us A Voice“ an d’“Stëmm vun der Strooss“ Sue gesammelt goufen, war dës Kéier d’Fondatioun „Wonschstär“ drun. D’Organisatioun erméiglecht et Mënschen, déi duerch Krankheeten, Accidenter oder aner Schicksalsschléi extrem belaascht sinn, hir séinlechst Dreem ze verwierklechen.

Aus dësem Grond hunn d’Bandmembere vu Scarlet Anger, als Initiateure vum Fest, sech grouss Méi gemaach fir ee grousse Publikum unzelackelen a gemeinsam mat hinne souwuel musikalesch op d’Käschten ze kommen, mee och niewebäi ze hëllefen. Majo méi einfach kann een et bal net hunn!

Nom Concert weist de Joe Block, Sänger vun der Lëtzebuerger Trash-Metal Band, sech immens zefridde mam Resultat. Et huet him an der Band immens Freed bereet, déi iwwer 180 Metal-Frënn an esou enger, wéi hien et sot, gäiler a familiärer Location mat anere Bands ze begeeschteren.

Anger Fest

Scarlet Anger feiert, zesumme mam Shari a Schluck, een erfollegräichen Owend!
© Martine De Lagadère/moien.lu

Um Programm vum Owend stoung déi däitsch Power Metal Band Edge of Thorns, d’Lëtzebuerger Heavy Metal Quartett Lost in Pain an d’Trash- an Death Metal Grupp Abstract Rapture. Natierlech dierf hei Scarlet Anger selwer net feelen, déi zesumme mat de schwedesche Power Metaller vu Civil War de staarke Festival ofgeronnt hunn.

Fir eis Lëtzebuerger Organisateuren a passionéiert Museker heescht et awer elo mol un neie Lidder ze schaffen. Och wann et wuel dem engen oder anere wéi deet wäerte mir an nächster Zäit net grad sou vill vu Scarlet Anger héieren. Déi gutt Nouvelle: wann si erëmkommen, dann esou richteg. An dat mat enger neier CD, hoffentlech villen Optrëtter a fantastescher Stëmmung!

D’Redaktioun vu Moien kann hiren Asaz nëmme bewonneren an dréckt d’Daume fir eng véiert Editioun vum Anger Fest, mat headbangende Fans, jäizenden a growlende Sänger, sou wéi aggressiven Instrumentalkläng – natierlech mam mëlle Kär.

Related topics Anger Fest, Fondatioun Wonschstär, Give Us A Voice, Headbang, Joe Block, Kulturfabrik, Metal, Musék, Scarlet Anger, Stëmm vun der Strooss
Next post Previous post