Search

You may also like

Dee leschte bäissen d‘Hënn (kommentéiert)
Neiegkeeten

Dee leschte bäissen d‘Hënn (kommentéiert)

Et war eigentlech vu virera kloer, dat d‘Reprise vum Grupp

money
US-Regierung huet Kartellverfare géint Google ageleet
Neiegkeeten

US-Regierung huet Kartellverfare géint Google ageleet

Den US-Justizminister an eelef Bundesstaaten huelen der Sichmaschinn hir dominéierend

Kee Steierkaddo fir Google
Neiegkeeten

Kee Steierkaddo fir Google

Enn August hat de Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) eng parlamentaresch

3. Anger Fest an der Kulturfabrik

3. Anger Fest an der Kulturfabrik

Metal-Fans opgepasst! Um 24. November 2018 presentéiert d’Assossiatioun Screaming Skull Asbl., a Kollaboratioun mat der Lëtzebuerger Band Scarlet Anger an der Escher Kulturfabrik, déi 3. Editioun vum Anger Fest, een Festival wou Metal-Dreem wouer ginn!

De Slogan deit et schonn un- Lokal an international Rock- a Metalgruppen spillen un dësem Owend ee räichhaltege Programm. De Benefice geet direkt un d’Fondatioun Wonschstär, eng Associatioun, déi kranken, handicapéierten a benodeelegte Leit hëllefe well seng Dreem ze erfëllen.

De Line-Up vum Owend

5 Gruppe spillen un dësem Dag an der Kulturfabrik an ënnerhalen d’Metal-Fans mat haarde Kläng an matrappender Musek.

  • Edge of Thorns, eng Power Metal Band aus Bitburg (Info)
  • Lost in Pain, een Heavy Metal Quartett vu Lëtzebuerg (Info)
  • Abstract Rapture, Lëtzebuerger Trash- an Death Metal Grupp (Info)
  • Scarlet Anger, Lëtzebuerger Trash Metal Band, ouni déi de Festival net existéiere géif (Info)
  • Civil War, Power Metal aus Schweden (Info)

De Festival ass um 24. November 2018 ab 18:00 Auer an der Kulturfabrik. De Virverkaf läit bei 12 € pro Persoun.

Scarlet Anger – 10 Joer Lëtzebuerger Trash Metal

Virun engem Joerzéngt ass d’Band Scarlet Anger vum Sänger Joe Block an dem Gittarist Fred Molitor gegrënnt ginn. Mat hirer éischter EP „La realidad es triste“stoungen hinnen all Dieren zu enger grousser Musekskarriär op. Säithier ginn se fir Lëtzebuerger Concerten a Festivallen engagéiert, sou wei de Food For Your Senses oder de Wacken Open Air Metal Battle.

Den immense Succès vun der Trash Metal Band gouf 2011 mat der zweeter EP „Kill the King“, trotz ville Kritiken, erëm bewisen. De Grupp, den sech duerch schnell an haart Trash-Metal-Sounds auszeechent, notzt säithier déi erfollegräich EP als Visittekaart bei Musekslabelen. Schonn ee Joer méi spéit ass d’Lëtzebuerger Band bei Dust On The Tracks ënnert Vertrag komm a schnell koum den Album „Dark Reign“ eraus.

Scarlet Anger

Scarlet Anger, Lëtzebuerger Trash Metal

Tëschent de verschiddene Concerten huet Scarlet Anger schnell ugefaang Inspiratioun fir den Opus „Freak Show“ ze sammelen, den um 18. Mäerz 2016 ënnert dem Label Hänsel & Gretel / MIG Music eraus bruecht gouf.

Schlussendlech sinn et awer och d’Bande Dessinéen a klassesch Horror Geschichte vun den 80er an 90er Joer, déi een idealt Konzept an Design fir den neien Album liwweren. Mam Jens Borgen um Mëschpult, den scho vir Bands wei Soilwork, Kreator an Amon Amarth geschafft huet, weist sech dat neit Wierk liicht méi melodesch.

Zum 10. Gebuertsdag vun der Trash-Metal-Grupp gouf den Album annoncéiert, elo mam neie Batteur Rod Sovilla. Mat engem neie motivéierte Member kann een elo eng nei Etapp ugoen. Deemnächst wäerten nei Concerten annoncéiert ginn – sidd also gespaant!

Related topics Anger Fest, Fondatioun Wonschstär, Kulturfabrik, Lost In Pain, Metal, Scarlet Anger
Next post Previous post