Search

You may also like

Fit For Your Bike – Bréng dech a Form fir d’Motorradssaison 2020!
International Neiegkeeten

Fit For Your Bike – Bréng dech a Form fir d’Motorradssaison 2020!

Zënter e puer Joren organiséiert de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg d’Event

Am Kampf géint d’Pandemie: De Premier an d’Inneministesch besichen de CIS Diddeleng an d’Zentral vum 112
International Neiegkeeten

Am Kampf géint d’Pandemie: De Premier an d’Inneministesch besichen de CIS Diddeleng an d’Zentral vum 112

Zënter iwwert engem Joer steet de CGDIS mat un der

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten
International Neiegkeeten

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten

Den däitsche Bundesinneministère widdersetzt sech enger Uerder vum Dateschutzbeoptraagten Ulrich

Wéi déi „aner“ Ungarn gesinn

Nodeems Ungarn leschten Dënschdeg legiferéiert, an esou am Gesetz verankert huet, datt et strikt verbueden ass, Mënschen ënner 18 Joer Informatiounen iwwer Homosexualitéit ze ginn, hunn elo dräizéng Memberlänner d‘EU-Kommissioun zum anhale vun EU-Recht opgefuerdert

Wéi déi „aner“ Ungarn gesinn

Et gouf sech nees bis an de spéiden Owend de Mond fuseleg geschwat, well de Faschist a wuel erwisenen anti-Europäer Viktor Orban a seng Komplizen ee Gesetz duerchgesat hunn, mat deem alles wat als „schwul, lesbesch oder trans“ ze erkenne wier, aus dem ëffentleche Raum muss verschwannen. Et ass Bildungsariichtungen ënnersot iwwert dës Themen ze informéieren.

Fir d‘EU-Kommissärin Vera Jourova (Wäert & Transparenz) ass et net fir d‘éischt, datt si sech mat dësem Thema ausenanersetze muss. Nach am November zejoert, hat si drop higewisen, datt et an der EU ëmmer méi Diskriminatioun géintiwwer de sougenannte sexuelle Minoritéite gëtt. Dat wéi net anescht ze erwaarden, besonnesch iwwerall do wou Rechtsstaatlechkeet nei definéiert gëtt.

Elo mat dësem ungaresche Gesetz – deem eppes „Beispillcharakter“ ënnerstallt gëtt – ass et alle Mënschen ënner 18 Joer verbueden, sech iwwer Homosexualitéit an/oder Geschlechtsupassung ze informéieren. Dat ass dann alt nees ee weider Verstouss géint bestoend EU-Recht, mee dem EPP-Fraktiounschef Manfred Weber (CSU) säi Copain, muss d‘Kritik vun enger Fra net eescht huelen.

U sech sollt et kloer sinn

Wann ee berécksiichtegt, datt d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen rezent gesot huet: „Mir wëllen en Europa vun der Villfalt, a wëllen dës och net virun eise Kanner verstoppen“, da weess een elo, esou eescht ka si dat net gemengt hunn. A wann d‘Vera Jourova erkläert, datt „d‘Rechtsstaatlechkeet an Ungarn mécht eis suergen“, kann et engem kal de Réck eroflafen…

Sätz hunn hir Bedeitung, an nëmme festzestellen, datt dem Viktor Orban säin Ungarn sech kaum beméit déi vertraglech festgeschriwwen europäesch Wäerter ze beuechten, en „Understatement“ deem folgerichteg ze enthuelen ass: „Mir géife jo gären, mee wann hien net wëll, kënne mir elo näischt maachen“. A Mindestens 13 EU-Memberlänner stäipen dat neit ungarescht Gesetz.

Déi aner 13, mat Lëtzebuerg, hunn an enger gemeinsamer Erklärung vun der EU-Kommissioun gefuerdert sécherzestellen, datt EU-Recht agehale gëtt. Iwwersat heescht dat elo, datt et nees zum Verfare géint Ungarn kënnt an den EuGH tranchéiere muss. Dat huet de Geriichtshaff schonn a ganz ville Fäll gemaach, mee bis ewell schéngt sech un esou Urteeler an Ungarn keen ze stéieren.

Alles ass „politesch“ och de Sport

Interessant och nach, datt sech an dësem Zesummenhang, vill Minister iwwer d‘Decisioun vun der UEFA, der Stad München (déi huet sech vertraglech gebonnen, fir dierfen EM-Spiller auszedroen) ze verbidden d‘Allianz-Arena an de Reeboufaarwen ze beliichten, verwonnert hunn. D‘Mafia hat jo erkläert, datt hir Statuten eng politesch Message net zouloossen. Wéi ee politesche Message?

De franséische Staatssekretär fir europäesch Ugeleeënheeten, Clement Beaune, stellt kloer: „Et ass dat kee politesche Message, mee d‘Erklärung datt et grondsätzlech Wäerter huet, deenen ee sech verschriwwen hätt. Et wier eng symbolesch a keng politesch Aktioun gewiescht“. Mee déi eenzeg Symboler déi d‘UEFA zouléisst si mat kenge rechtsstaatlechen Norme vereenbar, et geet ëm Goss.

Fir den däitsche konservativen Daniel Caspary vun der EPP (CDU) muss een d‘Decisioun vun der UEFA verstoen. D‘Mënsche wieren nach net esou wäit, datt si kéinte verstoe wat Homosexualitéit, Intersexualitéit an Transgender iwwerhaapt soll sinn. An iwwerhaapt géif et esou eppes biologesch guer net, firwat et an der Gesellschaft net seng Plaz kann hunn. Driwwer schwätzen ass awer OK…

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Sharon McCutcheon / unsplash

Related topics EU-Kommissioun, EUGH, Homophobie, Rechtsstaatlechkeet, Ungarn, Vera Jourova, Viktor Orban
Next post Previous post