Search

You may also like

De blëtzschnellen Opstig vum Stéphanie Frappart
International Neiegkeeten

De blëtzschnellen Opstig vum Stéphanie Frappart

Nodeems d’Stéphanie Frappart am franséische Fussball Androck maache konnt, huet

Weltausstellung Dubai 2020: „Lëtz drénk e Pättche Wäin“
International Neiegkeeten

Weltausstellung Dubai 2020: „Lëtz drénk e Pättche Wäin“

Fir Lëtzebuerg, dat mat engem eegene Pavillon un der Weltausstellung

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss
International Neiegkeeten

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

Wéi den Antoine Deltour gëschter d‘Geriicht um Helleggeeschtplateau verlooss huet,

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn

Den Zenter vum ANKAA Project gouf e Mëttwoch zu Athen ageweit

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn

E Projet mat Lëtzebuerger Bedeelegung gouf e Mëttwoch, den 19. Juni zu Athen a Präsenz vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn a sengem griicheschen Homolog ageweit. ANKAA bitt Refugiéë Formatiounen a Sproochecoursen un a wëll hinne soumat eng zweet Chance am Liewen erméiglechen.

Am Oktober 2017 hu sech fënnef Benevoller aus verschiddene Länner zesummegesat an d’A.s.b.l. ANKAA Project an d’Liewe geruff – dorënner zwou jonk Lëtzebuergerinnen. D’Sara Vispi an d’Line Didelot sinn zanterhier fläisseg fir de Projet am Asaz. Wärend der sougenannter Flüchtlingskris wollte si hir Verantwortung als Europäerinnen iwwerhuelen a méi wéi humanitär Hëllef leeschten. Soumat ass d’Haaptzil vum Projet, d’Leit op hir berufflech Zukunft virzebereeden.

De Projet selwer leeft scho säit engem Joer an elo gouf dat 1.500 m² grousst Gebai an der Athener Industriezon dann och offiziell ageweit. Heibäi handelt et sech ëm en aalt Geschäft fir Kichemiwwelen, wou elo Sproochecoursen, handwierklech Atelieren an eng Gemeinschaft ugebuede gëtt. Fir dat lafend Trimester hu sech ronn 270 Studenten agedroen.

Virun e puer Wochen huet Moien.lu en ausféierlechen Artikel zum ANKAA Project erausbruecht, deen Dir hei noliese kënnt:
ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance

Opmaacherfoto: Den Ausseminister Jean Asselborn bei senger Ried am ANKAA-Zenter zu Athen. Hien ënnersträicht nach eemol, wéi wichteg den europäesche Gedanken ass a freet sech, datt de Projet an de leschte Méint richteg u Faart opgeholl huet. © MAEE

Related topics ANKAA, ANKAA Project, Athen, Flüchtlingen, Jean Asselborn, Line Didelot, Refugié, Sara Vispi
Next post Previous post