Search

You may also like

Den Armin Laschet ass CDU-Parteichef
International Neiegkeeten

Den Armin Laschet ass CDU-Parteichef

Beim Rennen ëm de Poste vum Parteichef vun der Chrëschtlech

Naturpark Südeifel: dem Paschtouer säi Gaart am Gaisbachdall
International Neiegkeeten

Naturpark Südeifel: dem Paschtouer säi Gaart am Gaisbachdall

Wien sech gären an der Natur ophält, trëppele geet an

Covid19 Iwwersiicht
International Neiegkeeten

Covid19 Iwwersiicht

Nodeems leschte Freideg vum Xavier Bettel an dem Paulette Lenert

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen

Nodeems Washington géint zwee tierkesch Minister Sanktiounen imposéiert huet – dat als Äntwert op d‘Verhaftung an d‘Detentioun vun engem amerikanesche Paschtouer – huet d‘Tierkei versprach eng de Sanktiounen entspriechend Mesure ze ergräifen.

Säitens dem tierkeschen Ausseministère heescht et: „Et besteet keen Zweiwel datt dës Situatioun déi konstruktiv Efforten, déi zu enger Léisung bei de Problemer tëscht béiden Natioune sollte bäidroen, beschiedegt. Et wäert eng Äntwert op déi aggressiv Haltung vun den Amerikaner ginn. Mir ruffen d‘US-Administratioun op, hir Entscheedung nach emol ze iwwerdenken“.

D‘US-Sanktiounen, déi Washington géint den Inneminister, Süleyman Soylu, an de Justizminister, Abdulhamit Gül, verhaangen huet sinn hefteg: d‘Geld an d‘Gidder vu béide Politiker si schlicht an ergräifend saiséiert ginn. Washington beschëllegt béid Minister eng entscheedend Roll bei der Verhaftung an der Detentioun vum Paschtouer Andrew Brunson gespillt ze hunn.

D’Gestreits tëscht de NATO-Partner betrëfft net d’EU

An dësem Kontext ass et dann elo amerikanesche Bierger verbueden, mat engem vun dësen zwee Tierken eng Geschäftsbezéiung ze ënnerhalen. Bis ewell ass net gewosst, op d‘US-Administratioun seng Alliéiert soll opgefuerdert hunn, sech dëse Sanktiounen unzeschléissen. Och ass nach kengem europäesche Konzern „gerode“ ginn, seng Handelsbezéiunge mat der Tierkei ofzebriechen.

Den amerikanesche Paschtouer Andrew Brunson, gëtt vun den tierkeschen Autoritéite beschëllegt terroristesch Aktivitéiten a Spionage bedriwwen ze hunn. Virun enger Woch ass de Kierchemann ënner Hausarrest gestallt ginn, nodeems hien 18 Méint hanner Gitter verbruecht huet. Et ass net ofzegesi, wéini de Mann d’Tierkei verloosse kann.

mat AFP

Foto: De 25. Juli ass den amerikanesche Paschtouer Andrew Brunson vun der tierkescher Police an den Hausarrest zu Izmir bruecht ginn. Den US-President, Donald Trump, hat déi tierkesch Regierung opgefuerdert de Kierchemann fräi ze loossen, well et soss zu drastesche Sanktioune géif kommen. De Milliardär: „Hie leit immens. (…) Dësen onschëllege Mann vu Glawe muss direkt fräigelooss ginn“. D‘Tierkei als NATO-Partner huet net wëlles den Amerikaner fräizeloossen, mee wëll op d‘US-Sanktioune mat Géigemoossnamen äntwerten. © AFP

Related topics Abdulhamit Gül, Andrew Brunson, Süleyman Soylu, Tierkei, USA
Next post Previous post