Search

You may also like

Übung mécht de Meeschter! Och am Lëtzebuergeschen!
International Neiegkeeten

Übung mécht de Meeschter! Och am Lëtzebuergeschen!

[onionbuzz quiz-id=187][/onionbuzz] Wéi all Woch presentéiere mer och haut iech

Fondatioun Hëllef fir d’Natur: 20 Uebstbeem fir S.A.R. de Groussherzog
International Neiegkeeten

Fondatioun Hëllef fir d’Natur: 20 Uebstbeem fir S.A.R. de Groussherzog

Iwwer 20 Joer representéiert S.A.R. de Groussherzog Henri schonn d’Land

Editorial: Gitt iech endlech eens!
International Neiegkeeten

Editorial: Gitt iech endlech eens!

Wann ee kann akzeptéieren an esou och Versteesdemech dofir huet,

Ankara vu Washington „enttäuscht“

US-Kongress bezeechent Massaker un Armenier am 1. Weltkrich als Genozid

Ankara vu Washington „enttäuscht“

Mat 405 zu 11 Stëmmen huet d‘Representantenhaus zu Washington eng Resolutioun ugeholl, an där d‘Massaker un den Armenier duerch d‘Tierken (1. Weltkrich) offiziell als Genozid unerkannt gëtt. Déi vun den Osmanen an de Joren 1915/17 vollbruechte Grujeldote ginn als Vëlkermord unerkannt.

Mat dëser Resolutioun, déi vun den Demokraten abruecht gouf, geet et dem US-Kongress dorëms, un ee vun de schlëmmste Verbriechen un der Mënschheet ze erënneren: „Déi systematesch Ermordung vun 1,5 Milliounen armenesche Männer, Fraen a Kanner duerch dat osmanescht Räich“. En Siicht op d‘Geschicht, déi esou vun der Tierkei ni gedeelt ginn ass, an elo fir neien Zodi suergt.

AnkaraAnkara, wou schon de Begrëff „Vëlkermord“ fir schlecht Laun suergt, huet sech „net iwwert de Vott gefreet“ an esou heescht et aus dem tierkeschen Ausseministère: „Dat ass ee politesche Schratt ouni Bedeitung, dee sech un déi armenesch Lobby an anti-tierkesch Gruppe wennt“. Et géif déi ugeschloe Bezéiung tëscht den USA an der Tierkei weider belaaschten a falsch Signaler aussenden.

Fir den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu, verbiergen sech hannert dëser Resolutioun grouss Gefore fir déi international a regional Sécherheet. Et wier, esou de Mann dee bereet wier fir säi Chef déi ganz kurdesch Ethnie auszeläschen, eng antiquéiert Resolutioun, déi nëmmen ugeholl gi wier, fir sech wéinst der tierkescher Invasioun a Syrien ze revanchéieren. Dat ass en Argument…

Nëmme getraffen Hënn billen

Wann et fir den einfache Mënsch ouni Bezuch zur Geschicht a Politik novollzéibar bleift, datt duerch den Ugrëffskrich géint d‘Kurdemiliz YPG an d‘SDF d‘Bezéiungen tëscht den USA an der Tierkei zum „Dissens“ komm ass, esou ass de Genozid un den Armenier – och wann et laang hir an de Mënsche kee Begrëff méi ass – en historesch beluechte Fakt deen net ze leegnen ass.

Ankara

Kaart vum armenesche Genozid 1915. All Punkt weist e Massaker. Et ginn dräi Aarten: an engem „Kontrollzenter“ (rout Punkten), an engem Konzentratiounslager (rosa Punkten) oder engem Vernichtungslager (schwaarz Punkten). D‘gréisst vun de Punkte soll eng Iddi vun der Importenz ginn. D‘Schwäerter weisen déi Plazen op, wou sech d‘Armenier méi oder wéineger intensiv zur Wier gesat hunn. D‘Punkten am Schwaarze Mier, weisen d‘Plazen, wou d‘Osmanen d‘Armenier einfach am Mier erdrénke gelooss hunn. © Vahagn Avedian (cc-by-sa 3.0)

Hei wieren se zu Ankara gutt beroden sech hirer Geschicht ze stellen, mee dat läit nu emol net an hirer Natur. Dobäi hunn sech d‘Amerikaner gutt Zäit gelooss, fir de Vëlkermord vu virun iwwer 100 Joer och als Solches unzëerkennen. D‘Fransousen haten dee Schratt schonn 2001 gemaach a vill Länner haten sech deem Ugeschloss. Eis däitsch Noperen hunn et 2016 dunn och gemaach.

A natierlech huet d‘Tierkei mat alle Länner – zumindest déi puer Wochen nodeems de Genozid politesch unerkannt ginn ass – diplomatesch „gestridden“. Et gouf dann och ëmmer nees vun enger „diplomatescher Kris“ geschwat, wierklech Konsequenzen hat et weider net. D‘Tierkei kann nu emol net mat all senge Wirtschaftspartner streiden, mee Ankara muss national „staark“ optrieden.

mat indymedia/was

Foto: Armenier gi vun osmaneschen Zaldoten an e prisong zu Mezireh geleet. Abrëll 2015 © Politisches Archiv des deutschen Auswärtigen Amtes. Bestand: Konstantinopel 169 / public domain

Related topics Ankara, Armenien, Armenier, Genozid, Resolutioun, Tierkei, US-Kongress, Vëlkermord
Next post Previous post