Search

You may also like

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier
International Neiegkeeten

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier

„CSV an LSAP hunn d‘Stolindustrie u Mittal ausgeliwwert!“. Esou d‘Iwwerschrëft

Theatere vun der Stad Lëtzebuerg: Programm 19/20
International Neiegkeeten

Theatere vun der Stad Lëtzebuerg: Programm 19/20

Och wann de Programm vun der Saison 2018/2019 vun de städteschen

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter
International Neiegkeeten

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter

Och an Entreprisen ass eng effikass Ëmsetzung vun der Suergfaltsflicht

Ankara mécht säin Afloss geltend

Keng eendeiteg Majoritéit bei der Presidentewahl an der Republik Nordzypern

Ankara mécht säin Afloss geltend

Eigentlech gëtt et dat Land guer net. Nordzypern gëtt nëmme vun der Tierkei unerkannt, an et gëtt en enstpriechend enkt Verhältnis zu Ankara, och politesch. Eng Léisung vum Zypern-Problem sollt fir d‘Lescht 2017 fonnt ginn, d‘Gespréicher waren dann awer gescheitert. Dat aktuellt Gestreits ëm d‘Äerdgasquellen am ëstleche Mëttelmier, ass och net hëllefräich.

Kee vu béide Kandidate konnt sech eng Majoritéit sécheren. D‘Stéchwahl tëscht dem amtéierende President Mustafa Akinci – dee wiert sech géint den Afloss vun Ankara – an dem Erausfuerderer Ersin Tatar – deen ass fir eng Zweestaateléisung – soll nächste Sonndeg stattfannen. De President Mustafa Akinci huet mat 29,5% Réckstand op de Regierungschef Ersin Tatar, deen 32,4% krut.

Ankara

De Mustafa Akinci steet fir d‘Wiedervereinegung vun der gedeelte Mëttelmierinsel, den Ersin Tatar vun der nationalkonservativer Eenheetspartei UBP, gëtt vun Ankara gestäipt setzt sech fir eng Zweestaateléisung an. Wahlberechtegt ware ronn 200.000 Mënschen, zur Wahl gestallt haten sech insgesamt eelef Kandidaten. Zudeem fält d‘Wahl matten an e Sträit tëscht Ankara an Athen.

Fir deem Ganzen nach eppes weider Wierz ze ginn, gouf leschten Donneschdeg demonstrativ de Strand vu Varosha-Famagusta, enger touristescher Pärel aus de 70er Joren, nees „op gemaach“. De Regierungschef Ersin Tatar, hat dës Nei-Erëffnung net mat sengem Géigner ofgeschwat, mee den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan agelueden. Deen hat an dësem Kontext gemengt:

„Well d‘Zypern-Fro ni geléist ginn ass, war Maras (déi tierkesch Bezeechnung fir Varosha) iwwert Joerzéngten net zougänglech. (…) Mir hunn entscheet d‘Zukunft vun Zypern op konkreten Tatsaachen, statt op Illusiounen“. D‘Amerikaner hunn dëse Schratt net appreciéiert, an op déi verschidde Resolutioune vum UN-Sécherheetsrot verwisen. D‘USA stinn och fir eng Reunioun.

Ankara

Varosha (Maras), ee Paradäis fir Touristen, war 1974 zu Geeschterstad verkomm, well no engem griichesche Putsch, déi tierkesch Arméi an Nordzypern ageréckt ass. 40.000 Mënschen si sengerzäit aus dem griichesch-zypriotesche Staddeel vu Famagusta geflücht. Varosha gëtt vun der Tierkei kontrolléiert, mee et gouf net méi besidelt. Zanterhier ass Famagusta eng gedeelte Stad.

Iwwert eng Réckgab un d‘Republik Zypern gouf oft geschwat. Et war een dovunner ausgaangen, datt wann déi griichesch-zypriotesch Awunner hire Staddeel nees zréckkréien, béid Volleksgruppen nees zu enaner fanne sollten. D‘Republik Zypern gehéiert zanter 2004 zur EU. Verhandlungen zur Wiedervereinegung hat et fir d‘Lescht 2017 ginn. Déi sinn um Afloss vun Ankara gescheitert.

mat indymedia/ath

Related topics Ersin Tatar, Mustafa Akinci, Presidentewahl, Republik Nordzypern, Tierkei
Next post Previous post