D‘Regierung wëll ee Méindeg nach emol de Punkt maachen
Well de Premierminister Xavier Bettel dann elo awer (zum Gléck)
Well de Premierminister Xavier Bettel dann elo awer (zum Gléck)
Um Ouschtersonndeg ass et zu Veianen géint 11 Auer zu
Säit 2003 iwwerreecht de Schäfferot, mat der Initiative vun der consultativer Kommissioun fir d’Chancëgläichheet tëschent Fraen a Männer, all Joer dëse Präis, den no senger Matbegrënnerin aus dem Meedercherslycée zu Lëtzebuerg an éischt weiblech Professorin am Grand-Duché benannt ginn ass.
De Präis vun 3.000 € geet un individuell Persounen, Associatiounen ouni lukratiivt Ziel, Gruppen oder Institutiounen déi sech fir d’Geschlechtergläichheet an eisem Land asetzen.
An dësem Joer belount de Präis ee Projet, dee sech ëm d’Gläichheet an de Kulture këmmert: D’Egalitéit tëscht Fra a Mann soll duerch kulturell Projeten oder Beméiungen zur besserer Siichtbarkeet vum jeeweilege Geschlecht eis all op déi selwecht Positioun setzen.
D’Kandidaturen si bis Freides, den 27. September 2019 inclus beim Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg (Service Egalité, 9 Boulevard F.D. Roosevelt, L-2450 Lëtzebuerg) ofzeginn. Weider Detailer kritt Dir iwwer d’Telefonsnummer 4796 4138 oder egalite@vdl.lu.