Search

You may also like

Haut ass den Dag vun der Antibabypëll
Kultur Neiegkeeten

Haut ass den Dag vun der Antibabypëll

Virun 61 Jore koum an Amerika mat „Enovid“ déi éischt

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg
Kultur Neiegkeeten

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg

De Fall Weinstein weist, datt Sexismus präsenter ass, wéi et

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 1)
Kultur Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 1)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

D’BnL an d’Anne-Beffort Rousen – ee Stéck Lëtzebuerger Geschicht

D’BnL an d’Anne-Beffort Rousen – ee Stéck Lëtzebuerger Geschicht

Gëschter huet d’Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg der Nationalbibliothéik (BnL) den Dafschäin vun den Anne-Beffort Rousen iwwerreecht.

Am Joer 2019 ass eng Rousenzort nom Anne-Beffort, der éischter weiblecher Professorin zu Lëtzebuerg, benannt ginn. D’Decisioun ass zum 100. Gebuertsdag zur Commemoratioun un dës Damm getraff ginn. Bei der Anne-Beffort Rous handelt et sech ëm eng Kloterrous mat angenehm blummegen Doft, enger Faarw am Rosa-Saumon-Toun, zuelräiche Bléien a Resistenz.

Spéistens no der Neiverfilmung vun „Die Schöne und das Biest“ sinn och d’Rousen zeréck an eis Häerzer a Gäert komm. Mam Brevet sinn och 8 original Ënnerschrëften vun de Giedele, Pätteren an Dafzeien iwwerreecht ginn.

D’Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg wëll d’Ëffentlechkeet sensibiliséieren a kollektiv un d’Wichtegkeet vun de Lëtzebuerger Rousestäck an hir Geschicht erënneren. D’Nationalbibliothéik këmmert sech fir hiren Deel ëm d’Sammlung vu Wierker an Dokumenter déi d’Geschicht vu Lëtzebuerg an der ganzer Welt opgräifen. Mam neien Dokument kann elo de Fong vun der Luxemburgensia vergréissert ginn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Dominique Faber, kleng Niess vum Anne Beffort; Monique Kieffer, Direktesch vun der BnL; Claudine Als, Presidentin vun der Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg © BnL

Related topics Anne-Beffort Rous, BnL, Brevet, Claudine Als, Dafschäin, Dominique Faber, Monique Kieffer, Nationalbibliothéik, Patrimoine Roses pour le Luxembourg, Rousestack
Next post Previous post