Search

You may also like

Multiplica Festival – Digital Technologien fir d’Konscht an d’Gesellschaft
Kultur Neiegkeeten

Multiplica Festival – Digital Technologien fir d’Konscht an d’Gesellschaft

Wollt Dir schonn ëmmer méi iwwer digital Technologien wëssen? Do

money
Brexit: Finanzplaz erhofft sech 3.000 Aarbechtsplazen
Kultur Neiegkeeten

Brexit: Finanzplaz erhofft sech 3.000 Aarbechtsplazen

D‘Banken an aner Finanzinstituter a Groussbritannien wieren op de Brexit

Um Wee zu enger neier transatlantescher Klimapartnerschaft
Kultur Neiegkeeten

Um Wee zu enger neier transatlantescher Klimapartnerschaft

Am Kader vum informellen Treffe vun den Ëmweltministeren, huet d’Lëtzebuerger

Annexe22: Wann d’Stäre vum Himmel falen

Annexe22: Wann d’Stäre vum Himmel falen

Bis den 12. Juni inclus hëlt d’Lëtzebuerger Artistin Sali Muller eis mat op eng Rees duerch de Stärenhimmel, déi zur Reflexioun vu sech selwer ureegt. Mat der Videoinstallatioun „Wenn die Sterne vom Himmel fallen“ gëtt d’Annexe22 op der Escher Brillplaz esou an eng magesch Atmosphär gekleet.

D’Stäre fonkelen, bilde Stärebiller a loossen Stäreschnäizen iwwert duerch d’Nuecht zéien. A schonn ëmmer war de Mënsch faszinéiert vun dësem Ubléck. E schenkt eis glécklech Momenter, erméiglecht et ze dreemen a léisst och eng erweidert Gedankewelt zou.

Duerch dem Sali Muller säi Wierk entsteet eng „magesch sënnlech Projektiounslandschaft“. Si weist dat Onsiichtbart an zitt de Spectateur aus senge Gewunnechten eraus. Wärend een normalerweis eropkucke muss, fir den Himmel ze bewonneren, gëtt hei de Fokus op de Buedem geluecht, deen iwwert seng Ecranen eist Spiggelbild am Schierm mam Universum verschmëlze léisst.

Sali Muller
© Sali Muller

D’Artistin ass bekannt fir seng analytesch Ënnersichungen zu de Gewunnechte vun eiser Perceptioun. Mat reflektéierend Uewerflächen, Videoen, Liicht- a Klanginstallatiounen fuerdert si de Mënsch eraus an hannerfreet d’Roll vum Individuum am Bezuch op sech selwer a seng Ëmwelt. Gläichzäiteg mierkt d’Persoun, datt seng Perceptioun subjektiv ass.

Dëst Wierk gëtt am Virfeld vun Esch2022 organiséiert a bitt d’Méiglechkeet e Lëtzebuerger Kënschtler a seng Wierker kennenzeléieren.

Iwwert d’Kënschtlerin

D’Sali Muller huet säi Master a Bildender Konscht un der Universitéit Marc Bloch zu Stroossbuerg gemaach. Mat Expoen a Gruppenausstellungen am Ausland – dorënner Basel (Schwäiz), Valencia (Spuenien) an Eupen (Belsch), konnt d’Lëtzebuerger Artistin sech en Numm maachen an den Interessi vun internationale Galerien, Muséeën a Konschthaiser notzen.

Weider Informatiounen

Vum 17. Abrëll bis de 12. Juni 2021 wäert d’Expo „Wenn die Sterne vom Himmel fallen“ an der Annexe22 stattfannen. Et ass op Donneschdes a Freides vu 14:00 bis 18:00 Auer, sou wéi Weekends vun 11:00 bis 18:00 Auer. U Feierdeeg ass zou.

Fir den Dag vun der Ouverture dobäi ze sinn, muss d’Plaz bis de 16. Abrëll via Telefon (Tel.: 2883-2022) gemaach ginn. D’Plaze si limitéiert, kleng Gruppe vu maximal 8 Persoune ginn no bestëmmten Zäitfënsteren eragelooss.

Zousätzlech dozou wäert ab dem 3. Februar 2021 déi virtuell Visitt iwwert Facebook an www.esch2022.lu méiglech sinn.

Related topics Annexe22, Brillplaz, Esch-Uelzecht, Esch2022, Expo, Sali Muller, Stärenhimmel, Videoinstallatioun, Wenn die Sterne vom Himmel fallen
Next post Previous post