Search

You may also like

Battin mécht Béier wéi fréier…
Neiegkeeten

Battin mécht Béier wéi fréier…

Fir den 2. Advent awer schonn hannert de 8. Dier,

Jonglënster erweidert sech am medezinesche Beräich
Neiegkeeten

Jonglënster erweidert sech am medezinesche Beräich

Um 26. Februar 2021 huet de Buergermeeschter vu Jonglënster, sou

Bangladesch: Groussbrand am gréisste weltwäite Flüchtlingscamp
Neiegkeeten

Bangladesch: Groussbrand am gréisste weltwäite Flüchtlingscamp

Aktuellen Informatiounen no brennt et am Flüchtingscamp an Cox’s Bazar,

Reaktiounen op d‘Annonce vun der Regierung

Reaktiounen op d‘Annonce vun der Regierung

Nodeems gëschter am Nomëtteg de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch en Iwwerbléck zu de Mesuren ab dem 10. Januar ginn hunn, war d‘Paulette Lenert nach emol Gaascht vun der Gesondheetskommissioun, firwat ee sech eppes huet misse gedëllege, fir éischt Reaktioune vun den Deputéierten opfänken ze kënnen. Et gouf Interessantes a manner Interessantes…

Esou huet de President vun der Gesondheetskommissioun a Rapporter vun de Covid19-Gesetzer, Mars Di Bartolomeo (LSAP) en identesche Statement zum „de richtegen Equiliber“ fanne gemaach, awer d‘Feigefill opbruecht, Versteesdemech fir d‘Kritik ze hunn. Eng Kritik déi esou nei elo net ass, mee am Wuertlaut och ëmmer nees der neier Situatioun muss Rechnung ze droe wëssen.

An der gréisster Oppositiounspartei (dat ass d‘CSV) vun der Chamber, huet schonn een ee Problem domadder, datt wann engem an den Ënnerlagen, déi engem zougedroe ginn, fir sech virbereeden ze kënnen, ee Pabeier vun eben dem Gesondheetsministère virläit, aus deem ervirgeet, datt déi aktuell Situatioun keng Erliichterunge bei de Moossnamen zouléisst, an de Géigendeel ugekënnegt gëtt.

D‘Fraktiounspresidentin weist dann hirersäits och nach emol drop hinn, datt eis Noperen alleguer d‘Mesuren, deels ganz drastesch, verschäerfen an et konsequent gewiescht wier, elo emol en Ament ofzewaarde wéi eng Auswierkunge Chrëschtvakanz a Feierdeeg op déi sanitär Situatioun hunn. So huet d‘Martine Hansen eigentlech Recht an vläicht géif datt de gefaarte „Jojo-Effekt“ verhënneren.

Bei déi lénk stellt ee fest, datt déi sanitär Lag zu Lëtzebuerg aktuell mat där vun Enn Oktober ze vergläichen ass, just datt et erhieflech méi Restriktioune ginn huet. Fir den Deputéierte Marc Baum wier dat elo en Ageständnis vun de Feeler déi am éischte Confinement gemaach goufen. Hien ass zudeem eppes veriergert, datt d‘Infektiounsquell „Aarbechtsplaz“ wéineg bis guer net beuecht gëtt.

Dat huet och den Deputéierte vun der Piratepartei esou um Schierm, firwat de Sven Clement eng kloer Fuerderung widderhëlt: Fërderung vum Homeoffice, och iwwer steierlech Begënschtegungen. Wat d‘Reprise vun de geschäftlechen Aktivitéiten ubelaangt, esou gëtt bedauert, datt eng Propose vun de Piraten – 10m² pro Persoun am Geschäft – esou spéit ëmgesat gëtt. Et war jo net hir Iddi…

Bei der ADR ass een es deem permanenten a virun allem onverständleche Genëschels midd. Et géif stänneg un klenge Schrauwe gedréit, ëmmer méi an d‘Privatsphär agegraff a sech gläichzäiteg gewonnert, datt d‘Bierger kee Versteesdemech opbréngen. De Fernand Kartheiser stellt nach kloer, datt d‘ADR och weiderhin dovunner iwwerzeegt ass, datt den Horesca-Secteur keng Gefor bedeit.

Beim Debat virum Vott vum gëschter Deponéierte Gesetz, wäert et wuel nach méi an den Detail zu dësen Interventioune goen. Der Regierung geet am Prinzip den Accord vun de Koalitiounsparteien duer, firwat dovunner auszegoen ass, datt och dës Versioun (et ass jo eréischt déi aacht) vum modifizéierte Covid19-Gesetz als ugeholl ze bewäerten ass. An et wäert fir d‘Lescht gewiescht sinn.

Illustratioun: © Artem Sapegin / unsplash

Related topics Annonce, Covid19-Gesetz, Paulette Lenert, Regierung, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post