Search

You may also like

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen
International Neiegkeeten Sport

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen

D‘Stroossebauverwaltung huet beschloss d‘Vitessereguléierung op den Autobunnen „A6“ an „A1“

Spärung um Echangeur Helfenterbréck
International Neiegkeeten Sport

Spärung um Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ee weidere Chantier virgesinn ass. Duerch

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen
International Neiegkeeten Sport

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen

Bei dësen Zuele kéint ee sech iwwerginn. Engem Rapport vun

ANOC World Beach Games: Lëtzebuerger Sportler nees schnell ënnerwee!

ANOC World Beach Games: Lëtzebuerger Sportler nees schnell ënnerwee!

Bei den éischten ANOC World Beach Games zu Doha (Qatar) sinn d’Eva Daniëls an den Oliver Gorges um Méindeg, de 14. Oktober am Aquathlon fir d’Team Lëtzebuerg un de Start gaangen.

Bei enger Baussentemperatur vu 34°C an enger Waassertemperatur vun 31,9°C ass et fir d’Eva Daniëls an den Oliver Gorges Moies um 6:00 Auer lokal Zäit lassgaangen. Dobäi konnt d’Daniëls mat enger Zäit vun 31:12 (+ 1:34) eng exzellent 9. vun 28. Plaze beleeën. De Gorges ass ënnert 30 Sportler op eng 17. Plaz komm, dat mat enger Zäit vun 28:44 (+ 2:22).

Am Mixed Relay (2 x 2) huet d’Team Lëtzebuerg, nees mat eisen zwee Sportler, déi 9. Plaz vu 16 gestarten Teams erreecht. Allen Athlete waren d’Ustrengunge vum Individualconcours vum Virdag ënnert dësen extreme Bedingungen unzemierken. Trotzdeem hu si konsequent hire Kämpfergeescht bewisen.

Zum Aquathlon

Bei dëser sportlecher Competitioun, déi aus Schwammen a Lafe besteet, geet et ëm Konditioun. Gestart gëtt mat Schwammen, uschléissend heescht et direkt d’Lafschong unzedoen a lasszelafen. Dobäi gëtt d’Zäit ouni Paus gemooss.

Opmaacherbild: © Team Lëtzebuerg

Related topics ANOC World Beach Games, Aquathlon, Doha, Eva Daniëls, Lafen, Oliver Gorges, Qatar, Schwammen, Team Lëtzebuerg
Next post Previous post