Search

You may also like

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren: Echange mam Minister Schneider
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren: Echange mam Minister Schneider

Gëschter huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider sech iwwert den digitale

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?
International Neiegkeeten

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?

Den amerikanesche President Donald Trump ass wëll nees an de

Nei CIA-Cheffin versprécht net méi ze folteren
International Neiegkeeten

Nei CIA-Cheffin versprécht net méi ze folteren

De CIA géif net méi folteren, och wann den Uerder

Anti-Coronavirus Protester: Et fänkt un Handgräiflech ze ginn

Anti-Coronavirus Protester: Et fänkt un Handgräiflech ze ginn

An enger Rei Länner ass et Samschdeg op en neits zu Demonstratioune géint d‘Aschränkungen am Kontext vun der Covid19-Pandemie komm. Et ass plazeweis zur Konfrontatioun mat der Police komm déi Tréinegas a Knëppel agesat huet. Besonnesch hefteg ass et a Polen, Groussbritannien an esouguer an der Schwäiz hiergaangen.

Zu Warschau war d‘Versammlung guer net ugemellt ginn, firwat d‘Police op d‘Plaz geschéckt ginn ass. Der Opfuerderung, déi illegal Versammlung opzeléise, ass kee nokomm. En „Zesummestouss“ war net méi ze verhënneren an d‘Beamten hu massiv Tréinegas agesat. Eng Dosen Demonstranten, dorënner och de Senateur Jacek Bury vun der Biergerplattform, si festgeholl ginn.

ProtesterOch zu London huet et Protest ginn. Am Hyde Park huet d‘Metro-Police leit Verhaft, déi sech net un d‘Ofstandsregel gehalen hunn. Hei haten ee puer Rabbelkäpp, trotz der Opfuerderung dach keng Gruppen ze bilden, d‘Grenzen eppes iwwerschratt. Och d‘Ukënnegung vun enger Geldstrof huet wéineg „iwwerzeegt“, wourop et dann och hei no Handgräiflechkeeten zu Verhaftunge komm ass.

Am Hyde Park haten sech awer net eleng Mënschen zesummefonnt, déi méi Lackerunge gefuerdert hunn, nee och Impfgéigner a vill Verschwierungstheoretiker haten sech hei afonnt. Mat Plakater an Transparenten hu si „Fräiheet“ verlaangt. Déi meescht hunn sech awer un d‘Ofstandsregel gehalen.

ProtesterÉischter ongewinnt – mee wat ass an Zäite vun der Covid19-Pandemie nach normal – och an der Schwäiz ass zur Rebellioun géint d‘Confinementsmoossname komm. Virum Regierungssëtz an der Schwäizer Haaptstad, haten sech gutt 300 Demonstranten afonnt. Blöd hei: Versammlunge vu méi wéi fënnef Persoune sinn entspriechend den Noutstandsgesetzer carrement verbueden.

Mee géint de Versammlungsverbuet gouf net nëmmen zu Bern verstouss. Och zu Zürech a Basel hunn déi, dank Internet, opgekläerte Bierger sech fir hir „Rechter“ an géint d‘Diktat vun der Politik, Zwangsimpfungen, de G5-Reseau, d‘Gates Famill a villes méi opgestallt. D‘Police hat et deels net einfach dës Demonstratiounen opzeléisen, firwat et plazeweis zu Verhaftunge komm ass.

D‘Pandemie ass reell

Wann et sécher richteg ass, datt een de Leit net d‘Recht op Protest an Demonstratioun sollt huelen, esou ass awer erwisen, datt et de Coronavirus SARS-Cov2, ganz reell an d‘Moossnamen, déi zur Andämmung ergraff goufen, hu Schlëmmeres verhënnert. Do wou sech d‘Auswierkunge wéineg bemierkbar gemaach hunn, gëtt entspriechend bezweifelt, datt dës „Gripp“ ee Problem soll sinn.

ProtesterD‘Amerikaner hunn et jo och virgemaach. Mat Waffe gëtt an de Parlamenter demonstréiert an den US-President selwer motivéiert den Opstand. Dat et aktuell weltwäit iwwer 2,6 Millioune bestätegt Infektiounsfäll gëtt, ronn 312.000 Mënschen un de Folge vum Covid19 verstuerwe sinn, sollt een net iwwersinn. 1,7 Milliounen hunn d‘Infektiounskrankheet iwwerstanen. (Stand haut 4.30 Auer)

De Länner-Ranking gëtt nach ëmmer vun den USA ugefouert: hei sinn elo offiziell 88.754 Mënsche gestuerwen. Op der zweeter Plaz läit mat 34.546 Stierffäll, Groussbritannien an Italien gëtt op der drëtter Plaz mat 31.763 Doudegen notéiert. Interessanterweis, gëtt vun de meeschten Demonstrante guer net behaapt d‘Zuele wiere erfonnt. Esou mussen aner Theesen hierhalen an déi hunn et a sech.

ProtesterEng geleefeg: „et stierwe méi Leit un der saisonaler Gripp“. Kann ee behaapten, mee Fakt ass, datt bannent 7 Woche méi Mënschen un de Folge vum Covid19 gestuerwe sinn, wéi bannent 12 Méint un der sougenannter saisonaler Gripp, géint déi ee sech kéint impfe loossen. Eng aner ëmmer nees ugefouert Behaaptung: „De Bill Gates finanzéiert 80% vum WHO-Budget a bestëmmt wat leeft…“.

Fakt ass: jo d‘Stëftung „Bill a Melinda Gates“ iwwerweist der Weltgesondheetsorganisatioun vill Milliounen US-Dollar als „zweckgebonne Spend“. Am Gesamtbudget vun der WHO mécht dat awer grad emol 9,76% aus. Gutt dat ass bal dräimol esouvill wéi d‘EU der WHO iwwerweist (3,3%), de Beitrag vu Lëtzebuerg mécht 0,3% an de vu China 0,21% vum Joresbudget aus.

ProtesterD‘USA ware mat 14,67% um WHO-Budget bedeelegt. Wann also de „Beitrag“ entscheedend sollt sinn, wat d‘WHO decidéiert a mécht, sollt ee schonn déi richteg Zuele virleeën. Richteg ass awer och, datt „zweckgebonne Gelder“ Projet mussen zougewise ginn. Vun do aus dann ze behaapten, de Gates wéilt 7 Milliarde Mënschen zwangsimpfen, ass wuel eppes mat den Hoer erbäigezunn…

mat indymedia/gva/waw/lon/

Foto: „ouni Kommentar“ © Zero to Here

Related topics Covid19, Demonstratiounen, Grondrechter, Meenungsfräiheet, Protest, Radikalisatioun
Next post Previous post