Search

You may also like

De Cowboy an d‘Dron vun der Vergeltung
International Kultur Neiegkeeten

De Cowboy an d‘Dron vun der Vergeltung

Eppes iwwerrascht waren d‘Amerikaner schonn, nodeems sech zu hirem Misär

Spill mir d‘Lidd vum Récktrëtt
International Kultur Neiegkeeten

Spill mir d‘Lidd vum Récktrëtt

No den Harcèlement-Virwërf huet den Demokrat Andrew Cuomo sech de

Näischt aus der Vergaangenheet geléiert
International Kultur Neiegkeeten

Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Servior ass eng ëffentlech-rechtlech Entreprise, déi 1998 gegrënnt gouf fir

Anti-Plastik Campagne: D’Beluga II setzt den Anker zu Réimech!

No fënnef Joer ass d’Greenpeace-Schëff Beluga II nees zu Lëtzebuerg agetraff. Nieft der Princess Marie-Astrid fënnt een dat risegt Seegelschëff, zesumme mat engem enorme Monster aus Plastiksverpackungen um Bord vun der Musel zu Réimech. Esou sollen esou vill Mënsche wéi méiglech zum Thema sensibiliséiert ginn an Drock op déi grouss Konzerner gemaacht ginn, déi dës Verschmotzung iwwerhaapt méiglech maachen. Och am bekanntste Floss vu Lëtzebuerg, deen d’Grenz zu Däitschland mëscht, ass immens vill Plastik ze fannen!

Wien elo denkt, datt et hei erëm ëm deen übleche Blabla ëm déi béis Plastikindustrie an d’Verschmotzung vun eiser Ëmwelt an de Mierer geet, deen täuscht sech. Fir dat ganzt Ausmooss endlech ze begräifen, soll een Ausfluch op d’Beluga II geplangt ginn, wou kompetent Mataarbechter vu Greenpeace engem schockéierend Informatioune kënne ginn.

Gëschter ass d’Schëff ukomm, majo um Wee si schonn 2 Waasserprouwe geholl ginn, dovunner eng virun Tréier, an eng duerno. Bei hiren Analyse wëll Greenpeace erausfanne, wéi vill Plastik a wéi enge Gréissten, Formen a Faarwe wou op der Welt ze fannen ass. Donieft steet och d’Quantitéit, sou wéi de Konzern – sou wäit den Numm nach ze erkenne sollt sinn – am Virdergrond. D’Beluga II steiert an dësem Kader europäesch Flëss a Gebidder, no un der Küst un. No Aarbechten zu Basel ass d’Team fir hir Recherche op Lëtzebuerg komm, ier et dann op Hamburg weider geet.

Greenpeace Beluga II

© Shari Pleimelding/moien.lu

Mir sinn all Knaschtpittien!

Wéi belaaschtend an iwwergräifend d’Verschmotzung duerch Plastik ass, konnt een eréischt u Bord vum Schëff ze spiere kréien. Wou Schoulklasse schockéierend Videoen a Presentatioune gewise kréien, huet d’Press dierfen um klenge Boot matfueren, woubäi d’Netz „Manta Troll“ wärend 15 Minutten duerch d’Musel gezu ginn ass, an op der Uewerfläch vum Waasser Partikelen opgesuckelt huet. Mat dëser Recherche soll esou festgestallt ginn, ob an a wéi engem Mooss Lëtzebuerg an der Pollutioun abezunn ass. Genau Resultater konnt een eis allerdéngs nach net ginn an Hypothesen ze erstelle wier den Ament och net dat Richtegt. Ëm Juni/Juli sollen d’Resultater verëffentlecht ginn!

Greenpeace Beluga II

Een Deel vum Resultat aus dem Echantillon vun der Musell © Shari Pleimelding/moien.lu

Mee elo zeréck op d’Schëff. Vun den 11 Echantillonen, déi schonn um Wee Richtung Musel geholl gi sinn, woubäi all Prouf staark positiv war. Och op der Musel sollt dat net anescht ausgesinn: Tëscht Zigarettestëmp huet sech eng Abberzuel u Styropor a Mikroplastik ervir gehuewen, déi d’Florence vu Greenpeace ënnert dem Mikroskop presentéiert hunn. Nodeems um Schëff selwer wärend Stonnen all Partikel aus dem Bulli per Hand erausgefiltert gëtt, ginn d’Endprodukter mam Mikroskop beispillsweis op Algen a Bakterien, déi sech um Plastik festsetzen, ënnersicht, sou wéi weider Donnéeë per Spektrometer an Infrarout gesammelt.

Weltwäit Problemer fir d’Déieren an d’Ëmwelt

Wien eng Plastikfäsch an d’Natur gehäit, wäert wuel kaum drun denken, datt dësen Objet duerch Wand a Waasser virun transportéiert gëtt, a sech op sengem Wee an ëmmer méi kleng Stécker zersetzt. Esou kann ee beispillsweis op de Philippinnen Offall fannen, deen et eigentlech guer net an der Regioun gëtt. De Problem läit, nieft dem Verknaschten a Länner déi dem Offall net Meeschter ginn, datt déi kleng Plastikpartikelen vun Déieren als Fudder ugesi ginn. De Konschtstoff zersetzt sech net an hirem Mo, wouduerch sech de Knascht am Kierper sammelt a si grausam erhéngeren.

Greenpeace Beluga II

Prouwen vum Joer 2016, ënnert anerem aus dem Rhein-Herne-Kanal an der Donau © Shari Pleimelding/moien.lu

Dobäi ginn 90% vum weltwäit hiergestallte Plastik net recycléiert. De Raymond Aendekerk, Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, erkläert: „Duerch d’Trennung vum Offall, lokal Kompostéierung a Recycling kéinten d’Gemeinschaften a Stied op de Philippinnen hire Reschtoffall signifikant reduzéieren. Mee och déi stäerkst Beméiungen heivir géifen net duergoen, fir den Offallproblem ze léisen. Een Deel vum Offall ka weder kompostéiert, nach recycléiert ginn. D’Gemeinschaft freet eis, wisou si dem Offallproblem ausgeliwwert sinn an net d’Konzerner, déi den Dreck verursaachen, d’Verantwortung fir d’Reduzéierung an d’Vermeidung ze iwwerhuelen.“

Un der Spëtzt stinn hei Nestlé an Unilever, déi zu de gréisste Plastikverschmotzer identifizéiert gi sinn. Dobäi produzéiert Nestlé all Joer 1,7 Milliounen Tonne Plastik, Tendenz steigend. Mat de Rechercheaarbechten wäert een och dës grouss Konzerner vläicht iergendwann dozou beweege kënnen, hir Produiten anescht hierzestellen an op Alternativen zeréck ze gräifen. Och Bioplastik ass hei keng Léisung. Bis ewell existéiert nämlech keng Konschtstoff-Zort, déi sech jeemools ganz ofbaut. D’Stécker gi just ëmmer méi kleng.

Greenpeace Beluga II

Beluga II vu Greenpeace © Shari Pleimelding/moien.lu

Ausstellung a Féierung um Schëff

Un den Open-Boat-Deeg gi Féierunge fir kleng Gruppen organiséiert. De Visiteur wäert nieft enger Ausstellung zum Thema Plastik och een Tour iwwert d’Seegelschëff vum Typ Klipperaak mat villen Anekdoten zum Alldag u Bord an zu den Asätz vum Aktiouns- an Expeditiounsschëff gebuede kréien.

Um 26. a 27. Abrëll kann ee vun 11:00 bis 18:00 d’Beluga II besichen, an dat zu Réimech, wou d’Marie-Astrid uleet. Je no Wierder an Undrang kann een mat Waardezäite rechnen. D’Entrée ass, wéi bei alle Greenpeace-Evenementer, nees gratis.

Related topics Beluga II, Ëmweltverschmotzung, Greenpeace, Mikroplastik, Plastikpartikel
Next post Previous post