Search

You may also like

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier
International Neiegkeeten

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier

Zanter Wochen hänken eekeleg Dampwolleken iwwert der Stad Rio Branco.

money
Eigentlech sollt d‘Seidestrooss bis Beetebuerg goen
International Neiegkeeten

Eigentlech sollt d‘Seidestrooss bis Beetebuerg goen

Wat war et am Abrëll 2019 ee groussaartegt Fest, wéi

Editorial: Gitt iech endlech eens!
International Neiegkeeten

Editorial: Gitt iech endlech eens!

Wann ee kann akzeptéieren an esou och Versteesdemech dofir huet,

90 Gesetzer géint den Terrorismus – wou Komik an Tragedie no beienee leien

An Australien ginn d'Anti-Terror-Gesetzer zur Ënnerdréckung vun onerwënschte Meenungen agesat. Dëst bekloen Zivilrechtlecher.

90 Gesetzer géint den Terrorismus – wou Komik an Tragedie no beienee leien

E Beispill dofir ass dem Kristo Langker seng Verhaftung am Juni 2021. Dës huet a sengem Elterenhaus stattfonnt. Handyopname beweisen, datt d’Polizisten zimmlech drastesch dobäi virgaange sinn. Kuerz virdrun, huet de Kristo Langker, vu Beruff Produzent fir de YouTube-Kanal Friendlyjordies, de Vizepremierminister John Barilaro ugeschwat. Ganz einfach op der Strooss.


This video was written, produced, and published by Jordan and the editor

Dëse gouf a leschter Zäit dacks d’Zil vum YouTube-Komiker Jordan Shanks. Ënnert anerem wollt de Kristo Langker vum Vizepremierminister wëssen, firwat hie säi Chef Jordan Shanks wéinst Beleidegung ugeklot huet. Natierlech krut de Produzent keng Äntwert, allerdéngs soll de Politiker, nodeems en an d’Limousin geklommen ass, d’Police verstännegt hunn. Elo kéint de jonke Mann wéinst Stalking an de Prisong kommen. Sollt dëst geschéien, hätt dat och negativ Konsequenze fir de Youtube-Komiker. Hie wär finanziell ruinéiert.

Elo gesäit et sou aus, wéi wann d’Police déi knaschteg Aarbecht fir d’Politiker géinge maachen. Där Meenung ass op jidder Fall de Stephen Blanks, en Affekot fir Biergerrechter. Fir hien esou wéi fir aner Affekoten ass dem Kristo Langker säi Fall e Beispill dofir, datt Australien sech d’Gesetzer sou dréit, wéi et grad benéidegt gëtt. Zemools géint kritesch Stëmme sollen se agesat ginn. Dobäi misst et eigentlech ëm d’Verfolgung a Vermeidung vu geféierleche Strofdote goen …

John Barilaro

De Stephen Blanks huet nach erkläert, datt Australien gutt 90 Anti-Terrorgesetzer gestëmmt huet. Dat sinn der sou vill wéi néierens soss. D’Sonnereenheet, déi fir dem Kristo Langker seng Verhaftung verantwortlech war, gouf am Joer 2014 an d’Joer geruff, nodeems de Lindt-Café iwwerfall ginn ass. Deemools koumen dräi Persounen ëm d’Liewen. Och den Attentäter, den islamistesch motivéierte Man Haron Monis, huet d‘Aktioun mam Liewe bezuelt.

D’Aufgabe vun dëse Beamten ass soumat kloer. Et geet drëms potenziell Gefore mat politeschem Hannergrond ze eliminéieren an net Komiker zum Schweigen ze bréngen. Den Affekot Stephen Blanks huet matgedeelt datt deraart onnëtz Reaktioune, déi keng Gefor fir d’Gemeinschaft sinn, mëttlerweil ëmmer méi dacks virkommen. A genee doriwwer warne Biergerrechtler schonn zanter Joren.

John Barilaro

Politiker behaapten, datt dës Uschëllegungen iwwerdriwwen oder paranoid sinn. Wéinstens an engem Fall sinn d’Politiker sech eens – de Kampf géint den Terrorismus ass schwaach duergestallt ginn, politesch gesinn, nawell zimmlech fatal. Am Fokus vun der Terrorismusbekämpfung stinn dacks Journalisten.

Mëtt 2019 huet d’Police grouss Opmierksamkeet op sech gezunn, nodeems d’Police d’Büroe vum Tëleessender ABC gestiermt huet fir Recherchematerial ze konfiskéieren. Et goung ëm ee Bericht zum Verhale vun australeschen Zaldoten. Dobäi konnten d’Polizisten d’Date kopéieren, läschen a souguer änneren. Dat léisst déi australesch Regierung net gutt ausgesinn. Fir wie schaffen se dann? Fir hier australesch Bevëlkerung, déi se gewielt hunn, oder fir sech selwer?

Mee vun enger eeschter Gefor wëll den Affekot Stephen Blanks hei net schwätzen. “Dat kéint mech an eeschthaft Schwieregkeete bréngen.” Australien ass tatsächlech e wonnerschéint Land, mee wéi et ausgesäit huet et och eng däischter Säit.

Illustratioun: © Bob Walker / unsplash

Related topics Australien, friendlyjordies, John Barilaro, Jordan Shanks, Kristo Langker, New South Wales
Next post Previous post