Search

You may also like

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren
Neiegkeeten Sport

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren

Nodeems 2017 dem Tupoka Ogette säi Buch exit RACISM: rassismuskritisch denken

Kanner hunn och Rechter
Neiegkeeten Sport

Kanner hunn och Rechter

Den Ombudscomité fir d‘Rechter vum Kand (ORK) huet gëschter den

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn
Neiegkeeten Sport

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn

No de villen Interventiounen zum Budget (5. Januar) war et

Antidoppingkontrollen 2019: D’Lëtzebuerger Sportler ware brav

Antidoppingkontrollen 2019: D’Lëtzebuerger Sportler ware brav

Am vergaangene Joer huet d’Lëtzebuerger Antidopping-Agence (ALAD) ganzer 228 Doppingkontrollen, dovunner 208 Stéck iwwert den Urin, gemaach.

Bei déi 208 Analyse kommen nach 22 Kontrollen am Ausland u Lëtzebuerger Sportler dobäi. A 5 Fäll hunn d’Sportler duerch hiert Net-erschéngen ee sougenannten No Show opgeschriwwe kritt. Geet een der Demande vun der ALAD wärend 12 Méint ganzer 3 Mol net no, esou muss de Sportler mat Sanktioune rechnen.

Wärend de sportleche Kompetitiounen hunn 149 Kontrolle stattfonnt, dovunner 51 Stéck ouni Ukënnegung. Ganzer 81 Lëtzebuerger Spëtzesportler goufen ausserhalb vum Wettkampf kontrolléiert, wouvunner bei 43 Analyse souwuel den Urin, wéi och d’Blutt gekuckt ginn ass. Weider 8 Blutttester sinn am Kader vum hematologesche Pass realiséiert ginn.

A 57 Fäll ass d’Gestioun vun de Resultater un déi international Federatioun gaangen. Am Ganze sinn déi 228 Analysen negativ ausgefall. Kee Lëtzebuerger Athlet hat positiv Resultater a misst soumat och keng Konsequenze fäerten. Bei 2 Fäll vun auslännesche Sportler leeft d’Auswäertung nach.

Related topics ALAD, Antidoppingkontrollen, Athleten, Blutt, Doping, Kontroll, Sport, Urin
Next post Previous post