Search

You may also like

dislikesurprise
Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht

Op den Dag genee no engem Joer Trump-Presidentschaft, mussen d‘USA

Eng Bankrotterklärung vun der Regierung
Neiegkeeten

Eng Bankrotterklärung vun der Regierung

Wärend engem Interview um Radio 100,7 e Samschdeg konnt, bezéiungsweis

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!
Neiegkeeten

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!

Um 7. Mäerz 1971 huet dem WDR seng Maus d’Liicht

APERAM S.A.: zwou linear Erhéijungen dank dem neie Kollektivvertrag

APERAM S.A.: zwou linear Erhéijungen dank dem neie Kollektivvertrag

E Méindeg huet den LCGB matgedeelt, datt et de 15. Februar zur Ënnerschrëft ënnert de neie Kollektivvertrag fir d‘Salariéeë vun der Entreprise APERAM komm ass. D‘Lafzäit vun dësem Kollektivvertrag ass 2 Joer. APERAM ass en Acteur um globale Maart vum Inox-Stol a gehéiert zum Grupp ArcelorMittal.

Am Accord ass virgesinn, datt déi 52 Mataarbechter zu Rodange folgend Verbesserungen erhalen:

  • eng linear Gehaltserhéijung vun 0,85% fir 2018, an 0,85% fir 2019;
  • Zuel vun de Cheques-Repas gëtt erhéicht;
  • de Regimm vun der progressiver Pre-Retraite gëtt agefouert;
  • et gëtt en Aarbechtsgrupp fir d‘Organisatioun vun der Aarbechtszäit agesat;
  • d‘Primm vun der Anciennetéit gëtt revaloriséiert.

Dat ass net näischt, an den LCGB huet sech bei de Verhandlungen op e neits ganz erfollegräich duerchgesat kritt. De Kollektivvertrag mat der APERAM weist eis allerdéngs och nees, wéi wichteg Sozialwahle sinn. Ouni staark Gewerkschaften, kritt een esou en Accord sécherlech net gestemmt.

Foto: (Archiv) © LCGB

Related topics APERAM, Kollektivvertrag, LCGB, Sozialwahlen 2019
Next post Previous post