Search

You may also like

Dat neit Covid19-Gesetz steet
Neiegkeeten

Dat neit Covid19-Gesetz steet

Si hunn sech Zäit geholl um Samschdegmueren, fir déi XX.

Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
Neiegkeeten

Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport

De Sport ass net nëmme fir eis do, mee och

C’est Karma um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

C’est Karma um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Rapport zur Sëtzung vum Regierungsrot bleift „schlicht“

Rapport zur Sëtzung vum Regierungsrot bleift „schlicht“

Am Communiqué zum Resumé vun der Sëtzung vum Regierungsrot vun e Freideg dem 21. August ass nees häerzlech wéineg Informatives hänke bliwwen. Et gëtt nees drop higewisen, datt sech déi ënnert der Leedung vum Premierminister Xavier Bettel versammelt Minister iwwert d‘Aktualitéit vun der internationaler an europäescher Politik ënnerhalen hunn, an och de Covid19 e Sujet war…

Wann een dann elo bedenkt, datt jo esou wichteg Theme wéi d‘Situatioun a Wäissrussland an dem Mali – déi ware jo och Géigestand vum virtuelle Sommet vun den EU Staats- a Regierungscheffen – mee och de militäreschen Asaz vun der Tierkei an der Ägäis, oder de Rapprochement vun Israel an de Vereenegten Emirater (UAE) jo wuel hu missen um Dësch geleeën hunn, dann dierf ee sech d‘Fro stellen, wat et bedeite soll, wann dozou am Resumé vun der Sëtzung kee Wuert dra Steet?

Mee och d‘Presidentschaftswahlen an den USA, wou den Joe Biden elo offiziell vu senger Partei den Demokraten als Kandidat bestätegt ginn ass, muss jo wuel zu engem „Echange de Vues“ am Regierungsrot gefouert hunn. Gutt keen erwaart sech vun dëser Regierung eng oppe Positioun fir den Joe Biden ze ergräifen… et wëll ee sech jo als Lëtzebuerg méiglechst an näischt amëschen an allen ee gudde Partner sinn, oder zumindest den Androck dovunner no Bausse oprecht erhalen.

Leider gouf et zu dësen Themen, wéi och der Affär „Alexej Nawalny“ de russeschen oppositionelle Politiker, dee mat der „Erlaabnis“ vum Kreml an d‘Charité op Berlin ausgeflu ginn ass, net eng eenzeg Zeil. Et ass also folgerichteg net gewosst, wat eis Regierung vun all deem hält an dat ganz oft ee schlecht Zeechen. Esou schaaft ee Fräiraum fir Spekulatiounen, an et bleift nëmmen, sech op déi puer Aussoe vum Premier an dem Ausseminister ze bezéien, déi an der Woch gemaach goufen.

Si wëllen net verstane ginn

Déi sinn dann awer éischter onbefriddegend an d‘Regierung behält sech och weiderhi vir, nëmmen ausgewielte Medien Informatiounsgrimmelen zouzegestoen. Verschidde Journalisten empfannen dat mëttlerweil schonn als Provokatioun, a bezunn op den nationalen Niveau gesäit et och net besser aus. An dräi Wochen ass Schoulrentrée. Wat ass virgesinn? Mat deem wat am Communiqué steet, huet een d‘Gefill et war éischter e ministeriellen Apero wéi dann eng Sëtzung vum Regierungsrot.

Eng Informatioun gëtt et dann awer schonn: „De Regierungsrot huet de Projet zur Modifikatioun vum groussherzogleche Reglement vum 20. Juni, dee sech op d‘Dauer vum Verbuet an d‘Portée vun den Ausnamen déi am Artikel 2 vum Gesetz vum 20. Juni, sech bezéiend op de Verbuet vun enger Rei temporäre Moossnamen a Relatioun zur Uwennung vum modifizéierte Gesetz vum 29. August 2008, betreffend de fräie Persouneverkéier an d‘Immigratioun ugeholl“, esou de Communiqué.

Mat dësem groussherzogleche Reglement, gëtt den Delai zur Virlag vun engem biologeschen Exame bezunn op d‘Recherche vum viralen ARN vum SARS-Cov2 beim Embarquement virum Offluch vun 48 op 72 Stonnen erweidert. De Grond dofir bezitt sech op d‘Feststellung datt d‘Resultater an Drëttlänner net ëmmer bannent 48 Stonnen disponibel sinn. Kléngt onverständlech, mee de Premier a seng Ekipp gi wuel dovunner aus, datt d‘Medien dat richteg interpretéieren.

Illustratioun: War et just eng Apero-Sëtzung? © Etienne Girardet / unsplash

Related topics Apero, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post