Search

You may also like

Déi eppes aner Flüchtlingskris
Neiegkeeten

Déi eppes aner Flüchtlingskris

Op der griichescher Tëlee gëtt vermëttelt, wei ëmmer nees Schlauchbooter

D‘ADR mat enger Analys zu de Chamberwahlen
Neiegkeeten

D‘ADR mat enger Analys zu de Chamberwahlen

Enn vum Mount ginn déi Kandidaten déi e Mandat bei

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen
Neiegkeeten

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen

Gëschter am spéiden Nomëtteg, hunn d’Gewerkschaften OGBL an NGL-SNEP an

Den Educatiounsminister appelléiert un d‘Vernonft

Den Educatiounsminister appelléiert un d‘Vernonft

Zanter gëschter ginn nees d‘Kichen, déi gutt Stuff a wuel och esou muencht Kannerzëmmer zum Klassesall. Wien nëmmen ee Krappert huet, oder wou d‘Butze schonn eppes méi selbststänneg sinn, kann den Erzéiungsberechtegten nach den Iwwerbléck behalen. Mee am grousse Ganzen ass et eng onbefriddegend Situatioun an et wier wuel besser, wann d‘Kanner nees an d‘Schoul dierften.

Educatiounsminister

An dësem Kontext huet sech den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) gëschter um spéiden Owend via Twitter nach emol un d‘Schüler, d‘Enseignanten an d‘Educateure gewannt, an dës do opgeruff, déi hinnen zougeschéckten Aluedungen zum PCR-Test dach wann ech gelift unzehuelen an sech testen ze loossen. Hie géif sech wënschen, wa wierklech jiddereen hei géif matmaachen.

Illustratioun: Et gesäit spillend einfach aus, an awer ass et net ganz esou einfach Schoul iwwert déi nei Technologien ze halen. © Patricia Prudente / unsplash

Related topics Claude Meisch, Covid19, Covid19-Tester, Educatiounsminister, Enseignement
Next post Previous post