Search

You may also like

Service Krank Kanner Doheem – Am familiären Ëmfeld gesond ginn
Meenung Neiegkeeten

Service Krank Kanner Doheem – Am familiären Ëmfeld gesond ginn

D’Asbl Femmes en Détresse bitt säi Service Krank Kanner Doheem

Buchpresentatioun vun „Der Besuch vom kleinen Tod“
Meenung Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Der Besuch vom kleinen Tod“

Ech erënnere mech drun, dass ech als klengt Kand ob

Haut ass de Weltdag vum Buch: D’Literatur als Dier an aner Welten
Meenung Neiegkeeten

Haut ass de Weltdag vum Buch: D’Literatur als Dier an aner Welten

Fir all Bicherverréckten a Liesrat ass den 23. Abrëll scho

GouvAlert – Applikatioun ouni Verwendungszweck? (Kommentar)

GouvAlert – Applikatioun ouni Verwendungszweck? (Kommentar)

Wéi den 2. Oktober 2018, den deemolegen Inneminister Dan Kersch (LSAP) d‘Applikatioun GouvAlert.lu virgestallt huet, gouf et eng weider Sécherheet am Kontext vum Zivilschutz. En Download ass fir all Handy-Operatiounssystem méiglech.

Dëse Fréiwarnsystem fir d‘Bevëlkerung, ëmfaasst a punkto Katastrophen esou zimmlech alles, vum schlëmmen Accident iwwer besonnesch Wiederphenomer bis hin zur Explosioun vu Cattenom… also eigentlech. Dee schéinste System kann nämlech nëmmen esou gutt sinn, wéi d‘Leit wou dëse benotzen an zu Lëtzebuerg sinn datt der séier wéineg. Ronn 23.000 Downloads ginn ugewisen.

An der tëscht sëtzt den Dan Kersch am Aarbechtsministère an et ass elo senger Parteifrëndin Taina Bofferding hire Problem, dëse System nach emol op de Leescht ze huelen, well wann et hei heescht datt d‘GouvAlert-Meldung spéit oder guer net koum, esou hätt se – vu datt déi kritesch Mass ganz offensichtlech net erreecht gouf – laang net déi Wierkung gehat, déi ee sech dervunner erwaart.

Interessant an dësem Kontext, datt een dat esou och am Inneministère wëll erkannt hunn. Dëse Kommunikatiounssystem huet Grenzen, a gëtt schonn zanter dem leschter Joer iwwerschafft. Bis zum nächste Joer soll méi generell dee gesamte Warnsystem e groussen Update kréien. Dëse soll esouguer mat anere Systemer an Déngschter méi breet opgestallt ginn, fir méi Leit ze erreechen.

Esou sollen d‘Leit mat engem Handy dann zukünfteg och eng Warn-SMS erhalen (wa si sech da sollten ugemellt hunn). Och déi sozial Netzwierker géife méi staark agebonnen. Hei gëtt wuel éischter u Facebook als vertrauensvolle Partner geduecht. Nieft de Pompjeeën an der „Héijer Kommissioun fir Zivilschutz“, solle MeteoLux a Waasserwirtschaftsamt méi Visibilitéit erhalen.

Et ass ëmmer dat schwächste Glidd dat ewech fiert

Dat kléngt net nëmmen interessant, et dierft esouguer ee reelle Fortschrëtt fir dëse jo awer nach jugendleche Service un d‘Populatioun sinn. Elo ass de grondsätzleche Problem allerdéngs en aneren, wéi e vun anere Publikatiounen duergestallt gëtt. Fir unzefänken: „Wann den Iesel duuscht huet kann een dëse bei de Bur leeden, mee saufe muss d‘Véi selwer“. An dat ass de Problem.

Wann d‘Applikatioun keng 5% vun der Bevëlkerung erreecht, da läit de Problem (esouguer wann et der wierklech sollt ginn hunn) anzwousch anescht, an elo kregéilen de Schrott géif näischt daachen, sollt viraussetzen datt ee se um Handy huet. Zudeem mussen d‘Leit d‘Warnungen och eescht huele wat jo erwisenermoossen och net de Fall ka gewiescht sinn. D‘Medien hu schliisslech gewarnt.

Mee och deenen dréien d‘Leit ëmmer méi de Réck zou, a wien d‘Decken iwwert de Kapp zitt, dee kann net gesi wat do op hien duer kënnt. A jo et ass een da bestëmmt eppes iwwerrascht, wann ee vum Schlofzëmmer an d‘Buedzëmmer schwamme muss, fir d‘Blos ze entlaaschten… dat gesot, et soll an enger Woch nach emol Spannend un der Wiederfront ginn. Bleift w.e.g. informéiert…

Kuerz Randbemierkung: wann een d‘Warnunge vun der EFAS eppes méi eescht geholl hätt, statt de „besseren Aussiichten“ ze vertrauen, wier wuel och vill manner Schued entstanen an et d‘App hätt eventuell – also fir déi wou se um Handy hunn – eng Rei Leit zäiteg warne kënnen. Dat fir emol festzehalen, datt dee ganze System, an net nëmmen eng topeg Applikatioun versot huet.

Related topics Applikatioun, GouvAlert, Héichwaasser, Inneministère, Iwwerschwemmungen, Staarkreen, Update
Next post Previous post