Search

You may also like

Washington wëll der EU de Verdeedegungsfonds muedebëtzeg maachen
Kultur Neiegkeeten

Washington wëll der EU de Verdeedegungsfonds muedebëtzeg maachen

Et ass onmoosseg wat sech Washington elo op en Neits

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Eise Premierminister, den Étienne Schneider, annoncéiert, datt Lëtzebuerg vun dräi

Lëtzebuerg schéckt seng Zaldoten an de Mali
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg schéckt seng Zaldoten an de Mali

Et klengt wéi ee schlechte Witz, mee d‘Fakte schwätzen eng

Neies vum Bichergeck : Aquatower in love

Neies vum Bichergeck : Aquatower in love

Dëst Kannerbuch ass speziell – a ganz villen Hisiichten. Fir Kanner ze weisen, wéi vill Spaass Kreativitéit mécht – bastelen, molen, a sou villes méi, hunn véier Frëndinnen eng Asbl gegrënnt. Se gouf BeKniFa genannt.

De Gedanken zum Buch koum dem Nicole Schiltz am Januar 2017. Eng Geschicht erfannen an illustréieren – dat kléngt spannend. Si souze vill Nomëtteger zesummen, hunn Iddie gesammelt an eng Geschicht iwwert de Bäerdrefer Aquatower erfonnt.

Et gouf alles notéiert, an ee roude Fuedem duerch d’Geschicht gezunn. D’Kanner hunn hier Figure selwer gemoolt an ausgeschnidden – eng Schülerin, d’Alexi Weemaes aus dem Art et Métiers huet de Layout mat där ganzer Ekipp zesumme gemaach – d’Resultat ka sech nawell weise loossen.

Wat mécht d’Buch esou besonnesch?

Et gouf iwwert de Stréch gemoolt a kromm ausgeschnidden. Onperfekt, perfekt – ganz faarweg. An immens detailléiert.

Ewéi de Buchtitel et scho seet, dréit d’Handlung sech ëm den Aquatower. Et gëtt vill z’entdecken, vill Personnage kennenzeléieren. D’Handlung huet mech iwwerrascht, den däitschen Text liest sech flësseg, e stécht voller Fantasie – et huet eppes vun engem Mäerchen u sech …

AquatowerEch wëll ech net ze vill vun der Handlung erzielen, ech géif et flott fannen, wann Dir dës Bäerdrefer Welt selwer kenneléiert. Just esou vill – et gëtt ëm Léift, Frëndschaft, Famill, friem Länner, aner Kulturen, Zesummenhalt, a Villes méi.

Et ass d’Liewen! Et gi glécklech Momenter, schlecht Phasen, et gi Schwieregkeeten z’iwwerwannen an een Happyend.

Bonus: Am Buch sinn zwee Rezepter ze fannen. A Säiten op deenen d’Kanner hier Definitioun vu Gléck beschriwwen hunn. Wonnerschéin!

  • D’Buch kritt een am Aquatower, et steet am Samkats (dat ass ee Spillbuttek zu Iechternach) a via Email kann een och bestellen: beknifa@beknifa.lu
  • D’Asbl huet eng Facebooksäit, gitt mol luussen. Et ass wierklech der Wäert!
Related topics Aquatower in love, BeKniFa, de Bichergeck, Kannerbuch, Nicole Schlitz
Next post Previous post