Search

You may also like

Elengerzéiend Elteren hunn et schwéier, mee och si hunn Gléck verdéngt!
Neiegkeeten

Elengerzéiend Elteren hunn et schwéier, mee och si hunn Gléck verdéngt!

An dat ass net nëmmen eng Floskel. Elengerzéiend mussen sech

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier
Neiegkeeten

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier

An dësem Joer kënnt d’Lyrik-Anthologie Das Ende vom Lied (Phi-Verlag)

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht

Nodeems d‘CGFP de 27. November am Kader vu senger grousser

ArcelorMittal Diddeleng: Den OGBL fuerdert e Gespréich mam Aarbechtsminister

ArcelorMittal Diddeleng: Den OGBL fuerdert e Gespréich mam Aarbechtsminister

An enger Pressematdeelung déi den OGBL e Méindeg erausginn huet, gëtt eis matgedeelt, datt si schonn déi lescht Woch e Bréif un den Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP), an de Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) geriicht hunn, an deem si eng Entrevue tëscht der Regierung an de Gewerkschafte fuerderen.

Den OGBL geet dovunner aus, datt am Dossier „ArcelorMittal Diddeleng“ eng Sëtzung vun der Tripartite wéineg bis guer kee Sënn mécht. Et wier elo de Moment – an hei soll dann och keng Zäit verluer ginn – gemeinsam Positiounen tëscht Regierung a Gewerkschafte festzeleeën. D‘Regierung misst zesumme mat de Gewerkschaften eng Strategie ausschaffen, wat de Verkaf betrëfft.

Vun der Gewerkschaftssäit, gëtt dann och drop higewisen, datt „den Uerder vu Bréissel“, deen de Konzern animéiert huet sech och vum Standuert Ostrava an der tschechescher Republik ze trennen, sech negativ op de Standuert Rodange wäert auswierken. Déi erhalen 10% vun hirer „matière première“ vun Ostrava, wouduerch d‘Produktioun empfindlech gestéiert ka ginn.

Eng verstoppte Restrukturatioun

Den OGBL wéist gläichfalls drop hin, datt ee vun de Standuerter sech ausserhalb der EU befënnt. Gemengt ass de Standuert Skopje a Mazedonien, engem Land dat Bäitrëttskandidat ass. Si sinn zudeem verwonnert, datt ënnert all de Fabricke vun deenen ArcelorMittal bereet ass sech ze trennen, esou gutt wéi kee Standuert an der mediterraner Regioun geleeën ass.

Alles Elementer déi den OGBL doranner bestäerkt, datt de Grupp ArcelorMittal d‘Situatioun ausnotze wëll, fir eng nei Restrukturatioun vum Konzern an Europa virzehuelen. Mam „Verkaf“ trennt sech ArcelorMittal vu ronn 12.000 Mataarbechter, mat enger Produktiounscapacitéit vu 7,5 Milliounen Tonnen.

Als Géigeleeschtung erhält ArcelorMittal 10.000 Mataarbechter, an eng nominal Produktioun vu ronn 10 Milliounen Tonnen. Dorausser ergëtt sech fir d‘Gewerkschaft, d‘Restrukturatioun vun den ArcelorMittal Standuerter an Europa.

Um haidegen Donneschdeg, bedeelegt sech den OGBL un enger Reunioun mat der europäescher Gewerkschaftsfederatioun fir d‘Industrie (industriAll) zu Bréissel. Hei sollen déi gewerkschaftlech Äntwerte koordinéiert an eventuell Aktiounen op europäeschem Niveau beschwat ginn. Virgesinn ass och eng Entrevue mat Vertrieder vun der EU-Kommissioun a hire verschiddene Servicer.

Foto: © OGBL/Syndicat Sidérurgie et Mines

Related topics ArcelorMittal, Diddeleng, Etienne Schneider, Nicolas Schmit, OGBL
Next post Previous post