Search

You may also like

Wanterstuerm setzt Europa ënner Drock
International Money Neiegkeeten

Wanterstuerm setzt Europa ënner Drock

D‘Wiederdéngschter bei eisen Nopere warne virun den Auswierkunge vum éischte

Déi grouss Chantiere vun der CFL fir 2021
International Money Neiegkeeten

Déi grouss Chantiere vun der CFL fir 2021

Hire Slogan „Mir schaffe fir d‘Mobilitéit vun eise Clienten“ bleift

money
A Krisenzäiten: Gemenge verzichten op de Loyer
International Money Neiegkeeten

A Krisenzäiten: Gemenge verzichten op de Loyer

Et hat an de leschten Deeg vill Appeller un d‘Besëtzer

money

ArcelorMittal fiert d‘Stolproduktioun an Europa erof

ArcelorMittal fiert d‘Stolproduktioun an Europa erof

Wéi et d‘Direktioun vun ArcelorMittal a sengem Communiqué matgedeelt huet, muss de Grupp seng Stolproduktioun an Europa reduzéieren. Betraff sinn hei an éischter Linn d‘Standuerter vun Dunkerque (F) an Eisenhüttenstadt (D). Och zu Bremen (D) an Asturien (E) geet et elo eppes méi „lues“ weider. Ofhängeg vun der Entwécklung, kann dat sech och op Lëtzebuerg auswierken.

Hei gëtt jeeweils en Héichuewen, deen ugehale gouf fir Ënnerhaltsaarbechte virzehuelen, bis op weideres net méi ugefuer. Et missten nach weider Moossnamen ergraff gi fir d‘Produktioun der Demande unzepassen. Aktuell wier de Marché an Europa duerch héich Importer impaktéiert, esou de Stolproduzent, deen eréischt de 6. Mee ob d‘Aféierung vu „Mesuren“ higewisen hat.

Do hat ArcelorMittal ugekënnegt seng Stolproduktioun ëm 3 Milliounen d‘Joer ze reduzéieren. No de leschte Berechnunge ginn nach emol 1 bis 1,5 Milliounen Tonnen d‘Joer verluer. Moossnamen déi de Maart fuerdert, esou d‘Erklärung vum Generaldirekter ArcelorMittal Atlantik & Loutrengen, Eric Niedziela. Et muss ee sech schliisslech dem Maart upassen a kompetitiv bleiwen.

Am Kloertext: et wäert zu Restrukturatiounen, also zum Verloscht vun Aarbechtsplaze kommen. Déi éischt déi et wäerten ze spiere kréie sinn déi prekär beschäftegt, wéi d‘Zäitaarbechter a soss „ausgeléinte“ Personal. Da gëtt gekuckt wou Aarbechtszäitverkierzunge Sënn maachen a wou e wéi mam Congé „jongléiere“ kann. Den Eric Niedziela betount datt no „Fall fir Fall“ entscheet gëtt.

Et kann den Ament kee Beräich ausgeschloss ginn

Fir den europäeschen Direkter vun de Flaachstol-Produiten, Geert van Poelvoorde, ass et wichteg ze notéieren datt d‘Reduzéierung vun der Stolproduktioun virun allem eng „Virsiichtsmoossnam“ ass, déi dem schwaache Maart geschëlt wier. D‘Nofro beispillsweis vun der Automobilindustrie, déi och mam Import vu Stol zesummenhänkt, wier agebrach an d‘Politik wier den Ament och keng Hëllef.

De Geert van Poelvoorde notéiert beonrouegt, datt d‘EU-Kommissioun schonn ugekënnegt huet am Juli seng „Schutzmoossnamen“ ze revidéieren an d‘Stol-Importquoten ëm 5% unhiewe kéint. Wéi an a wellechem Ëmfang dat alles sech op d‘Salariéë vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg auswierkt, an op et en Impakt op d‘Reprise vun de Standuerter duerch Liberty House huet, ass nach net gewosst.

Geséchert ass dogéint, datt d‘Fuerderung vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL, d‘Tripartite fir déi Lëtzebuerger Siderurgie ze erhalen a weiderzeféieren, elo net méi esou ouni weideres vun der ArcelorMittal-Direktioun kann zréckgewise ginn. Also zumindest wann och d‘Regierung erkennt datt sech méiglecherweis eng Situatioun ergëtt, déi de ganze Stolsecteur schiedege kann.

Foto: Den Héichuewen zu Bremen © 2012 ArcelorMittal

Related topics ArcelorMittal, Standuert Lëtzebuerg, Stolindustrie, Stolsecteur, Tripartite
Next post Previous post