Search

You may also like

Gutt Stëmmung trotz klenge Schaueren
Money Neiegkeeten

Gutt Stëmmung trotz klenge Schaueren

Um Parvis vun der „Fabrik“ am Préizerdaul, haten d‘Dammen an

Policebericht: Ee „Faits Divers“ ?
Money Neiegkeeten

Policebericht: Ee „Faits Divers“ ?

Wéi d‘Police informéiert, war hir an der Nuecht op en

Vulkanausbroch op La Palma
Money Neiegkeeten

Vulkanausbroch op La Palma

D‘Lava huet säi Wee iwwert ee weidere Wee an d‘Mier

money

ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden

EU-Kommissioun huet dem Deal gëschter Owend gréng Luucht ginn

ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden

Nodeems zu Bréissel d‘EU-Kommissioun seng „Enquête“ zum Verkaf vun enger Rei ArcelorMittal-Standuerter u Liberty House ofgeschloss huet, steet der Iwwernam näischt méi am Wee. Fir de Konzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg geet dann elo och d‘Acquisitioun vun der Ilva S.p.A. an d‘Rei.

Am Kloertext bedeit dat, datt déi zwee Stolwierker (Galati an Ostrava), d‘Fabricke vu Léck, Skopje an Piombino, grad ei de Standuert Diddeleng mat senge ronn 300 Mataarbechter, ofgetruede kënne ginn. Liberty House, eng Fonds-Gesellschaft déi zu Singapur agedroen ass a seng Geschäftszentral zu London, kann technesch gesinn, elo ufänken sech iwwer Investitioune Gedanken ze maachen.

Wéi aus dem Communiqué vun der EU-Komissioun ze enthuelen ass, huet ArcelorMittal eng Rei signifikativ „Verbesserungen“ abruecht, déi zum Accord gefouert hätten. Et ass gewosst, datt si zu Bréissel esou hir Suergen haten, dat well Liberty House d‘Iwwernam haaptsächlech mat geléintem Goss finanzéiert. Geld sech Liberty House och nach zum deel bei ArcelorMittal geléint huet…

Bréissel stellt Konditiounen

ArcelorMittal huet dee vun der EU-Kommissioun gefuerderte Bäitrag hikritt, an elo muss nach just Liberty House méi „eegent Geld“ opwannen. Zudeem soll elo och net méi ArcelorMittal d‘Geld zur Verfügung stellen, dat Liberty House zum Kaf fir Stolwierker opbrénge. Dat soll derzou bäidroen, datt d‘Standuerter op bessere „Féiss“ stinn, fir de Fall datt et am Secteur zu enger Rezessioun kënnt.

Et geet also virun an dësem Dossier, woubäi eis elo natierlech an éischter Linn d‘Zukunft vum Standuert Diddeleng um Häerze läit. Well och wann elo dem „Deal“ u sech näischt méi am Wee steet, esou läit d‘Schicksal vun Diddeleng elo an den Hänn vu Liberty House. Et sollt een awer, iert een elo e kritesch mat der Informatioun ëmgeet, den Avis vun de Gewerkschaften ofwaarden.

Foto: © OGBL/Syndicat Sidérurgie et Mines

Related topics ArcelorMittal, Diddeleng, EU-Kommissioun, LCGB, Liberty House, OGBL
Next post Previous post