Search

You may also like

Näischt aus der Vergaangenheet geléiert
Money Neiegkeeten

Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Servior ass eng ëffentlech-rechtlech Entreprise, déi 1998 gegrënnt gouf fir

Dës Buergermeeschteren a Schäffen sinn am Inneministère vereedegt ginn
Money Neiegkeeten

Dës Buergermeeschteren a Schäffen sinn am Inneministère vereedegt ginn

Um Mëttwoch sinn am Inneministère 11 nei Buergermeeschter an 23

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?
Money Neiegkeeten

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?

Lëtzebuerg, esou d‘Etüd „Global Automotive Executive Survey 2019“ déi gëschter

money

ArcelorMittal: D‘Nouvelle waren och scho besser

Aus dem Bericht zum 1. Semester geet ervir, datt de Stolkonzern 900 Milliounen Euro Perte mécht

ArcelorMittal: D‘Nouvelle waren och scho besser

Dem indesche Stolkonzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg geet et net gutt. 900 Milliounen Euro Verloscht, esou déi virsiichteg Prognose fir 2020. Villes dierft de Covid19-Pandemie geschëlt sinn, an och déi bevirstoend Wirtschaftskris, wäert kaum derzou bäidroen, datt d‘Nouvelle besser ginn.

Nach hunn se bei ArcelorMittal awer, esouwäit et ënnert den aktuellen Ëmstänn méiglech ass, déi ganz Situatioun am Grëff. D‘Liquiditéite vum Stolkonzern hunn sech zum Enn vum 2. Quartal op 11,2 Milliarden US-Dollar belaf. Déi bestinn aus 5,7 Milliarden Euro Cash oder Cash-Equivalenten an 5,5 Milliarden US-Dollar Kreditlinn. Fir den Ament ass ee bei ArcelorMittal nach zefridden.

Et wier wuel net gewosst, wéi eng Trajectoire d‘Demande no der wirtschaftlecher Reprise géif aschloen, mee am Kärgeschäft vum Konzern, wieren d‘Aussiichte bis heihinner zefriddestellend. Et géif een de Produktiounsniveau stänneg der Nofro upassen, wat dank der Flexibilitéit aktuell gutt ze manage wier. Dat géif net verhënneren, datt et Mesure brauch fir d‘Entreprise ze schützen.

Um erkläerte Wëllen eng méi propper an Ëmweltverdréiglech Entreprise ze ginn, hätt sech bei ArcelorMittal näischt geännert. D‘Zil bleift weiderhinn eng Reduktioun vun den Emissiounen ëm 30% bis 2030. Bis 2050 wëll ArcelorMittal seng Stolproduktioun klimaneutral gestalten. Dat kann awer nëmme wierklech och da geléngen, wann et net zu enger weltwäiter Rezessioun kënnt.

De Lakshmi Mittal erkläert: „Déi éischt sechs Méint vum Joer, a besonnesch dat zweet Quartal waren eng vun de schwieregsten Zäiten an der Konzerngeschicht, mat engem Abroch vun der Demande am Kontext vun der Covid19-Pandemie. Dank der Resilienz an der Charakterstäerkt vun alle Salariée war et eis méiglech Schued vun der Entreprise ofzewennen. Hinnen ee grousse Merci“.

Wéi et elo weidergeet, läit dann awer net an den Hänn vum Stolkonzern. De bëllege Stol aus Asien a besonnesch China belaascht ArcelorMittal schwéier. Déi vill Problemer, déi den Opkaf vun ILVA an Italien mat sech bruecht huet, suergen nach ëmmer fir eppes Kappzerbrieches. Elo wäerten dann och d‘Gewerkschaften sech mam Rapport beschäftegen an eng Analys maache mussen…

Illustratioun: © Steve Halama / unsplash

Related topics 1.Semester 2020, ArcelorMittal, Industrieproduktioun, Stolkonzern, Verloscht
Next post Previous post