Search

You may also like

Kee Wunnraum, mee vill Büroen a soss Geschäftsraimlechkeeten
Neiegkeeten

Kee Wunnraum, mee vill Büroen a soss Geschäftsraimlechkeeten

Nach, esou JLL gëschter bei der Pressekonferenz, géif een an

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!
Neiegkeeten

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!

E Familljemember oder Frënd an der Klinick leien ze hunn,

D’Geschicht vun de Schoulen aus de Gemengen Jonglënster a Roudemer
Neiegkeeten

D’Geschicht vun de Schoulen aus de Gemengen Jonglënster a Roudemer

D’Gemeng Jonglënster ass houfreg matdeelen ze kënnen, datt dem René

Archeologesche Fund als Schatz a Chance begräifen

Archeologesche Fund als Schatz a Chance begräifen

Nodeems mir, déi gréng Iechternach, eis am Joer 2017 erfreet gewisen haten, datt de Kaf vun der Immobilie gegléckt war, huele mir d‘Entwécklung vum Projet „Marquise“ zënter enger Rei Joren, mat Skepsis zur Kenntnis.

Besonnesch déi feelend Abannung vum Projet an de Kontext „Maartplaz“ an déi deier Léisung vun der Parkplazproblematik duerch eng zweestäckeg Déifbaugarage hat am Joer 2018 zur Enthalung bei der Ofstëmmung iwwert déi net onerhieflech Budgetserhéijung gefouert. Zwee Joer méi spéit gesi mir eis opgrond dem Archeologesche Fund an der Flicht, d‘Diskussioun iwwert dëse Projet nei unzereegen:

  • Wéi schonn 2018 wëlle mir eng qualitativ héichwäerteg Léisung fir de Standuert „Marquise“;
  • Deen op en Neits agebremste Projet wäertz méiglecherweis an der geplangter Form net ze realiséiere sinn, dofir muss zäiteg iwwer Alternativen nogeduecht ginn;
  • Déi bestoend Verträg mussen zäitno op Méiglechkeeten zur Opléisung iwwerpréift an déi eventuell Käschte beziffert ginn;
  • An enker Zesummenaarbecht am Kulturministère muss séier eruéiert ginn, wéi déi entstoend Verloschter fir d‘Stad kënnen opgefaange ginn a wéi wäit d‘Weiderentwécklung vum Projet vu staatlecher Säit ka gefërdert ginn;
  • Déi viraussiichtlech laangwiereg Ausgruewungsphas sollt fir en Architekteconcours zur Neigestaltung vun der Fläch, ënner Berécksiichtegung vum Denkmalschutz genotzt ginn. Heibäi soll dat Niewentenee vu moderner Architektur a Funde zur Opwäertung vun der bestoender Maartplaz féieren.

Ugesiichts der Joerhonnerten aler Geschicht, sollte mir eis am Interesse vun eiser schéiner Stad, déi néideg Zäit huelen, déi fir all dës Moossnamen noutwenneg sinn. Schliisslech wënsche mir eis, datt Ausdréck wéi „Gammelimmobilie“ an der Berihcterstattung iwwer Iechternach ee fir allemol der Vergaangenheet ugehéieren.

Vläicht bitt de wäertvolle Fund elo d‘Méiglechkeet, dee mëttlerweil ganz negativ beluechten Numm „Marquise“ endgülteg duerch ee positiv besate Begrëff ze ersetzen. En oppene Iddie-Concours kéint interessant Ergebnisser liwweren.

Matgedeelt vun déi gréng Iechternach – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics archeologesche Fund, déi gréng, Iechternach, Maartplaz, Marquise
Next post Previous post