Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen
Bei eise belschen Noperen ass d‘Opstelle vun enger federaler Regierung
Bei eise belschen Noperen ass d‘Opstelle vun enger federaler Regierung
Et huet laang, wéi esou oft ze laang, gedauert, mee
Zil vum Concours ass et innovativ an nohalteg Projeten ze entwéckelen, déi vun Awunner, Veräiner oder och Entreprisen erfonnt a geplangt ginn. Folgend Iddie goufe mat enger finanzieller Ënnerstëtzung tëscht 2.000 an 6.000 € belount:
Um Luusshaff zu Schrondweiler gëtt op 3 Hektar, ganz am Sënn vun der Permakultur, e Grondstéck fir ze léieren, ze kucken a matzemaache gebueden. Hei kënnt all Altersgrupp op seng Käschten, kritt dobäi vermëttelt, wéi eng Fläch naturno, ekologesch a souguer sozial kann opgewàert ginn.
Dëse Projet gouf mat 6.000 € ënnerstëtzt, sou datt d’Infrastrukturen erweidert, Gaardegeschir kaaft an den Zougang behënnertegerecht ka gestalt ginn.
2. Präis. Recycling an Upcycling vu Kleeder, Stoffer an aneren Accessoiren
Zu Iischpelt wëll d’Nicole Steines dem verschwenderesche Verhale bei Textilproduiten entgéintwierken. Gebrauchte Stoffer kënnen als Grondlag fir nei Kreatiounen déngen a mussen net ewechgeheit ginn. Aktuell kreéiert d’Nicole Steines virun allem Kleedung fir Poppen. Mam geplangten Atelier sollen awer generell futtis Kleeder reparéiert, opgewäert oder neigestallt ginn, dat och a Form vu Workshops.
De Re- an Upcycling Atelier gouf mat 5.000 € belount, deen an den Equipement zur Textilveraarbechtung investéiert gëtt.
3. Präis: Explore Luxembourg mam Georges Krack (www.explore.lu)
Um spannenden Entdeckungstour mam Georges Krack an engem Grupp vu maximal 8 Persoune sti virun allem déi lokal Liewensmëttelproduzenten an Handwierksbetriber vun den dräi Naturparken am Virdergrond.
Mat de 4.000 €, déi dëse Projet gewonnen huet, soll an de behënnertegerechten Ëmbau vun de Minibusser investéiert ginn.
Nieft dësen dräi Haaptpräisser si weider dräi Präisser vum Engagement jeeweils an Héicht vun 2.000 €, ausgewielt ginn:
Biergerinitiative Wolz – „Iessbar Stad“
Zu Wolz heescht et an Zukunft net méi „betriede verbueden“, mee „plécken erlaabt“. Zil vum Projet ass et den Ubau vun Uebst, Geméis a Kraider am ëffentleche Raum ze erméiglechen a se fir jiddwereen zougänglech ze maachen.
Natur AG Regionalschoul Uewersauer
Nom Prinzip vun enger Mini-Entreprise halen d’Schüler vum Zyklus 4 zu Harel 4 Geessen, Hénger, Beien a Fësch. Esou kënnen Hunneg an Eeër aus lokaler Produktioun verkaaft ginn.
Repair Café – Nowuessfërderung
De Paul Kalbusch huet sech zum Zil gesat bei Kanner ab 6 Joer den Interessi an der Technik ze fërderen. A sengem Repair Café kritt ee schonn am jonken Alter d’Geschir an de richtegen Ëmgang domat méi no erkläert.
Mat der Präisiwwerreechung vun der 3. Editioun vun „Äre Projet (m)am Naturpark!“ ass och den Optakt zur neier Editioun lancéiert ginn. Bis de 15. Mäerz 2021 kann all Lëtzebuerger Resident säi Projet mat nohaltegem Charakter areechen. Wichteg ass dobäi, datt de Projet am Endeffekt och an engem vun den dräi Naturparken ëmgesat muss ginn.
Dës weideren sollen d’Iddien eppes mam Erhalt an der Restauration vun der Diversitéit an der Eegenaart vun der natierlecher Ëmwelt, der Flora a Fauna, dem Erhalt an der Opwäertung vu Waasser-, Buedem- a Loftqualitéit, dem Erhalt an der Opwäertung vum kulturellen Ierwen, der Fërderung vun der wirtschaftlecher a sozio-kultureller Entwécklung vun den Awunner a Saache Liewensqualitéit an Jobchancen, an/oder der Fërderung vun Tourismus- a Fräizäitaktivitéiten ze dinn hunn.
De Formulaire zur Participatioun fannt Dir op www.naturpark.lu. D’Dokumenter musse per Mail un info@naturpark-sure.lu oder per Post un den Naturpark Öewersauer (15, rue de Lultzhausen L-9650 Esch-Sauer) geschéckt ginn.
Weider Informatiounen fannt Dir um Flyer (PDF).