Search

You may also like

Diplomate-Karussell: Berlin schéckt russeschen Diplomat heem
Kultur Neiegkeeten

Diplomate-Karussell: Berlin schéckt russeschen Diplomat heem

Nom Besuch vum EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheete Josep Borrell zu

Vill eidel Geschäftsraim zu Esch-Uelzecht ginn engem ze Denken
Kultur Neiegkeeten

Vill eidel Geschäftsraim zu Esch-Uelzecht ginn engem ze Denken

No engem Tour duerch déi Escher Geschäftswelt leschte Méindeg, huet

Deen eppes anere Kinofestival
Kultur Neiegkeeten

Deen eppes anere Kinofestival

Déi 13. Editioun vum CinEast Festival (8. – 25. Oktober)

ARE YOU READING LUXEMBOURG?

ARE YOU READING LUXEMBOURG?

Fir zu der Visibilitéit vu Lëtzebuerger Bicher a Literatur bäizedroen – et goufen iwwregens 80 neie Publikatiounen tëscht Mäerz an Enn November 2020 – a fir de nationale literareschen Neesantrëtt ze feieren, huet Reading Lëtzebuerg eng Promotiounscampagne „Are you reading Luxembourg?“ fir zwou Wochen initiéiert, andeems si vill Partner, Stakeholderen an d’Buchindustrie mat abezéien.

Liese Leit zu Lëtzebuerg (nach)? A kennen se d’Wierker vu Lëtzebuerger Auteuren an / oder Editeuren? Fir erauszefuerderen an och fir Sensibilisatioun un dëser Fro ze erhéijen, ass d’Campagne am ëffentleche Raum, an de Medien an online verfügbar. Bestëmmte Momenter wäerten dës Period ervirhiewen.

Ech hunn mir d’Säit schonn ënnert d’Lupp geholl a ka just bestätegen, datt nach sou munches ze erwaarden ass. Ech hoffe mat all mengem Lieserhäerz, datt dat e Succès gëtt. An dat net nëmme fir eis, mee fir ons ganz Bicherwelt! Si huet et verdéngt – grad no de villen Ofsoen am Beräich vun de Bichermäert, de Foiren oder och de Walfer Bicherdeeg.

De ganze Programm fannt Dir op www.readingluxembourg.lu.

Maacht Iech gären en eegent Bild!

Related topics Are you reading Luxembourg?, Bicherwelt, Campagne, Editeuren, Entdeckungsrees, Lëtzebuerger Auteuren, Literaur, Reading Luxembourg
Next post Previous post