Search

You may also like

Staat, Verwaltungsréit a Societéiten: Den Taux u Fraen klëmmt
International Neiegkeeten

Staat, Verwaltungsréit a Societéiten: Den Taux u Fraen klëmmt

Hat d’Regierung sech d’Zil gesat, fir 40% vun den Tâchen

OUNI: Aner Ëffnungszäiten a Liwwerservice bis Heem
International Neiegkeeten

OUNI: Aner Ëffnungszäiten a Liwwerservice bis Heem

OUNI weist sech solidaresch. Déi zwee éischt Bio-Buttécker ouni Verpackungen

Landwirtschaft a Fëscherei: Déi éischt physesch Reunioun zu Bréissel
International Neiegkeeten

Landwirtschaft a Fëscherei: Déi éischt physesch Reunioun zu Bréissel

Gëschter huet mam Rot zur „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel

10 Deeg Quarantaineflicht bei der Arees an d’Schwäiz

10 Deeg Quarantaineflicht bei der Arees an d’Schwäiz

Am Kader vun der Pandemie zielt Lëtzebuerg ab muer och an der Schwäiz zu de Länner mat erhéichtem Infektiounsrisiko. Direkt no der Arees muss een wärend 10 Deeg a Quarantaine goen, D’Käschte vum Openthalt muss den Areesende selwer bezuelen. Zudeem muss ee sech bannescht 2 Deeg bei der zoustänneger kantonaler Administratioun mellen. E Certificat Medical oder en negative Covid-Test befreien een net vun der Quarantaineflicht.

Bei engem einfachen Transit duerch d’Schwäiz gëllt d’Quaraintaineflicht net. Weider Ausname si Persounen déi all Dag oder fir maximal 5 Deeg aus beruffleche Grënn a mat Bescheinegung vum Patron, respektiv Persounen, déi aus medezinesche Grënn, wou de Rendezvous net verréckelt ka ginn, an d’Schwäiz reesen.

Den Ausseministère réit dozou, sech bei der lokaler kantonaler Administratioun ze informéieren. Upassunge vun de Reegelen sinn zu all Moment méiglech. Op folgenden offizielle Säite ginn et weider Detailer:

Opmaacherbild © Patrick Hodskins / Unsplash

Related topics Arees, Ausseministère, Bundesamt fir Gesondheet, Covid-19-Bestëmmungen, Infektiounsrisiko, kantonal Administratioun, Quarantaine, sanitär Moossnamen, Schwäiz, Uweisungen
Next post Previous post