Search

You may also like

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den Delhaize ee weidere

„Op de belscher Küst schwätzen ech däitsch“
International Neiegkeeten

„Op de belscher Küst schwätzen ech däitsch“

An der belscher Zeitung „Le Soir“ huet den ausscheedenden EU-Kommissiounspresident

Editorial: De roude Bulli, dee mir net brauchen
International Neiegkeeten

Editorial: De roude Bulli, dee mir net brauchen

Scho meng Elteren soten, ech soll kucken op Palmueleg ze

En heemlecht Areesverbuet fir Groussbritannien?

En heemlecht Areesverbuet fir Groussbritannien?

Zanter Deeg ginn déi streng Pandemie-Moossname gelackert, Schoulen, Geschäfter an indoor Sportaktivitéite sinn nees méiglech – Ob de Grenzen dogéint ass ab haut Schluss mat Lëschteg. Ganz niewebäi gouf zu Bristol d‘Statu vun engem Sklavenhändler am Hafebecke versenkt.

Wärend an Europa iwwerall d‘Grenzen nees lues a lues opginn, trëtt haut a Groussbritannien eng Mesure a Kraaft, déi eng Grenzschléissung quasi gläichkënnt. Wien ab haut op d‘Insel wëll, muss sech fir 14 Deeg selwer ënner Quarantaine setzen. Wien sech dëser Virschrëft widdersetzt, wäert vun den Autoritéite fonnt an entspriechend haart bestrooft ginn, esou den offizielle Wuertlaut.

GroussbritannienFestgeluecht an ugekënnegt hat dës Mesure d‘Inneministesch Priti Patel viru 14 Deeg. Wien sech net selwer isoléiert ab esou géint d‘Mesure verstéisst, sollt sech op eng Geldstrof vu bis zu 1.500 Euro astellen, bei Widderhuelung kann een och ënner Arrest gestallt ginn. Eigentlech sollt och all Auslänner bei der Arees eng Tracing-App installéieren, mee un dëser gëtt nach gedoktert.

Groussbritannien

Wärend d‘Inneministesch Priti Patel sech iwwert den Ëmgang mat der Statu vum Edward Colston, engem mächtege Sklavenhändler aus Bristol, iergert well et der antirassistescher Kausa net géif „entgéint“ kommen, laut d‘Äntwert an de sozialen Netzwierker: „Esou gesäit de wierklechen Antirassismus aus“. © Martin Booth

D‘Inneministesch huet da gëschter och nach emol däitlech gemaach, datt d‘Positioun vun der Regierung onverännert kloer ass: nëmmen „noutwenneg“ Reese sinn erlaabt! Et géif een alles maache wat noutwenneg ass, fir ze verhënneren, datt d‘Infektiounskrankheet vu baussen a Groussbritannien ageschleeft geet an esou eng zweet Infektiounswell kéint ausléisen.

Natierlech huet et Ausnahmen

Wann also „Vakanz“ op der Insel dëse Summer keng Optioun ass, an d‘Fluchgesellschaften zolidd jéimeren, an hei natierlech staark vum Tourismussecteur ënnerstëtzt ginn, esou gëtt et natierlech och Ausnahmen. D‘Camionschaufferen, medezinescht Personal, Hëllefsaarbechter fir d‘Landwirtschaft an d‘Awunner vun Nordirland an de Kanalinselen, sinn net vun der Quarantaine betraff.

GroussbritannienOp een elo d‘Moossname versteet, oder eben och net, d‘Mesure ass ab haut effektiv. Bosseg un der Saach ass de Fait, datt Groussbritannien zu engem Ament seng Grenzen zougemaach huet an och elo opléisst. Dat mat der „Quarantaine“, esou de Premierminister Boris Johnson, wier eng Decisioun déi a Concertatioun mam wëssenschaftleche Rot getraff gi wier. Si wier Zweckméisseg.

Groussbritannien

Fun-Fakt: Google-Maps huetr bannen ee puer Stonnen op den neie Standuert vun der Statu higewisen.

An der tëscht ass zu Bristol, bei enger „Black Lives Matter“ Demonstratioun d‘Statu vum britesche Sklavenhändler Edward Colston am Hafebecke versenkt ginn. Dat virun den Ae vun der Police, déi fir dëse Gest tatsächlech Versteesdemech hat. Fir d‘Inneministesch war et eng schänterlech Aktioun, wat dem Priti Patel an de soziale Medien en zolitte Shitstorm abruecht huet.

mat indymedia/lon

Related topics Black Lives Matter, Bristol, Covid19, Edward Colston, Groussbritannien, Priti Patel, Quarantaine
Next post Previous post