Search

You may also like

Fërdert d‘WHO Homosexualitéit bei Kanner?
Neiegkeeten

Fërdert d‘WHO Homosexualitéit bei Kanner?

De brasilianeschen Diktaturnostalgiker Jair Bolsonaro, deen och als südamerikaneschen Trump

Covid19-Variante beonrouegen d‘Kanzlerin
Neiegkeeten

Covid19-Variante beonrouegen d‘Kanzlerin

An enger uniounsinterner Sëtzung huet déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel

Lëtzebuerger Blues a Portugal: Heavy Petrol um European Blues Challenge
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Blues a Portugal: Heavy Petrol um European Blues Challenge

Wa Lëtzebuerger Blues-Gruppen opgezielt ginn, da sinn si sécherlech ëmmer

Digitaliséierung a Robotiséierung: Mobilu trëtt Arendt bäi

Digitaliséierung a Robotiséierung: Mobilu trëtt Arendt bäi

Fir seng digital Strategie ze beschleunegen huet d’Entreprise Arendt viru kuerzem e Majoritéitsbesëtz bei Mobilu kritt. Dat ass eng lëtzebuergesch Firma, déi sech op operationell Prozesser, Digitaliséierung a Robotiséierung spezialiséiert huet.

Dës Acquisitioun ass Deel vun der Kontinuitéit vun der Entwécklung vun den Arendt Group Geschäfter, déi enk mat de Rechtsdéngschtleeschtunge verbonne sinn, andeems digital an technesch Léisungen dobäi gefüügt ginn, déi de Maartufuerderungen entspriechen. An dat besonnesch an der Digitaliséierung a Robotiséierung vun operationelle Prozesser.

D’Gestioun vun digitale Verwaltungsréit, Client Onboarding oder elektronesch Ënnerschrëfte gehéieren zu de Léisunge vu Mobilu.

„D’Mobilu-Equipp war eis scho bekannt, well mir zënter ville Joren un enger Rei vun innovative Projete fir Arendt Services oder Arendt & Medernach souwéi d’Arendt Insights mobil Applikatioun zesummeschaffen. Haut ergänzen d’Fäegkeete vun dësem agillen a kreativen Team, déi vun onsem Team, wat schonn op der Plaz ass. Eise Knowhow ergänzt sech”, seet de Jean-Marc Ueberecken, Managing Partner vun Arendt & Medernach.

Als Zeeche vun der Integratioun vun der Firma an d’Arendt Grupp gëtt den David Iachetta, Grënner a CEO vu Mobilu als Co-CEO agesat.

„De Bäitrëtt an den Arendt Grupp ass natierlech, relevant a villverspriechend. Eis jeeweileg Stäerkten ze verbannen erlaabt eis, weiderhin d’Féierung op engem liewege Maart ze iwwerhuelen an op nei Léisungen ze waarden“, erkläert den David Iachetta, Grënner a Co-CEO vu Mobilu.

„Mat Mobilu erlaben eis déi kombinéiert Talenter vun onsen “Tech” an “Digital”-Equippen an dësem Kader méi Innovatioun a soumat d’Méiglechkeet, den Ufuerderunge vun Agilitéit a Wäertschafung gerecht ze ginn. Mir stäerken also d’Expertise vun der Arendt Group an engem wesentleche Beräich der Digitaliséierung an ënnerstëtzen se mat eisen technesche Rotschléi, déi fir eng uerdentlech Ëmsetzung néideg sinn”, sou den Abdelhay Toudma, CIO vun Arendt a Co-CEO vu Mobilu.

Opmaacherbild: fabio / Unsplash

Related topics Abdelhay Toudma, Arendt, Client Onboarding, David Iachetta, Digitaliséierung, Jean-Marc Ueberecken, Mobilu, operationell prozesser, Robotiséierung, Tech
Next post Previous post