Search

You may also like

Den Zingy vun der Stuff Brauerei – Dee mam Ingwer
International Neiegkeeten

Den Zingy vun der Stuff Brauerei – Dee mam Ingwer

D‘Stuff Brauerei zu Steesel ass déi wuel klengsten ënnert de

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)
International Neiegkeeten

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)

Fir de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng waren déi lescht puer

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong
International Neiegkeeten

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong

Dem spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy a sengem konservative „Partido Popular“

Argentinescht Parlament rifft de Liewensmëttelnoutstand aus

Argentinescht Parlament rifft de Liewensmëttelnoutstand aus

En Donneschdeg hunn déi argentinesch Deputéiert quasi eestëmmeg de Liewensmëttelnoutstand ausgeruff. Och an der kleng Kummer dierft dës Moossnam ugeholl ginn, déi et erlaabt Bedierftegen d‘Hëllef ze erhéijen. Domatter huet d‘Politik op den Drock vun der „Strooss“ reagéiert.

Am Virfeld zu dëser Entscheedung haten dausende veraarmt Argentinier op der Haaptstrooss zu Buenos Aires campéiert, wou vun der Regierung verlaangt hunn, d‘Hëllef opzestocken. An et ass schonn en Akt vun der Verzweiwlung, deen sech allerdéngs erkläre léist. Dausende Mënschen an Argentinien kënnen sech nach grad eng Moolzecht leeschten, a besonnesch d‘Kanner si betraff.

Schold un allem ass d‘Wirtschaftskris. Si huet honnertdausenden Argentinier d‘Liewensgrondlag entzunn. Kleng a mëttelgrouss Entreprise konnten sech net der Rezessioun erwieren. A knapp zwee Joer solle bis zu enger Millioun Aarbechtsplaze verluer gaange sinn. E weidert Problem: alles gëtt méi deier. Fir 2019 muss ee fir Argentinien eng Inflatioun ëm déi 55% usetzen, an dat ass enorm.

Geféierlech Entwécklung

Bei engem Mindestloun vun ëmgerechent 125 Euro/Mount muss een net Ekonomist sinn fir sech bewosst ze ginn, datt een en Haushalt vu véier Persounen net méi sat kritt. Et huet sech eigentlech imposéiert de Liewensmëttelnoutstand auszeruffen, deen et der Regierung erlaabt seng Leeschtung un déi Bedierfteg ëm 50% ze erhéijen. An éischter Linn sinn et déi „Aarm“ déi hei entlaascht ginn.

Och déi karitativ Institutiounen, déi an der Peripherie vu Buenos Aires „Zoppekiche“ bedreiwen, sollen dovunner „profitéieren“. Si mussen ëmmer méi Leit verfleegen an d‘Deierecht dréckt massiv op hir Budgeten. Mat der Deklaratioun vum Liewensmëttelnoutstand kann d‘Regierung ab 2020 och déi staatlech Ënnerstëtzung all dräi Méint indexéieren, also der Deierecht upassen.

Wou Hëllef kéint hierkommen

Eng vun de grousse Froen déi am Raum steet: „Wéi finanzéiert een dat ganzt?“. Dësen Noutstand erënnert dann och un d‘Kris vun 2001, wou Argentinien de Staatsbankrott erkläert hat a seng Scholden net méi zréckbezuelt huet. Sengerzäit hu sech déi veraarmt Leit mat Tauschbourssen duerchgeschloen an déi gëtt et haut och erëm. Ee puer Schong géint e puer Kilo Räis…

Hëllef kéint vum internationale Währungsfong (IMF) kommen. Dee soll eigentlech am Oktober der Regierung vun Argentinien en Hëllefspak vu 5 Milliarden US-Dollar iwwerweisen, mee den Ament ass net kloer ob et dozou komme kann. Dat huet mat de Staatsscholden ze dinn. D‘Regierung huet awer bei senge Creancieren ëm Fristverlängerunge fir Zënsen a Amortissementer ugefrot.

mat indymedia/boa

Foto: © Disputados Argentina

Related topics Argentinien, Buenos Aires, IWF, Liewensmëttelnoutstand, Staatsbankrott
Next post Previous post