Search

You may also like

money
TAXI: héich Präisser, manner Lizenzen
Neiegkeeten

TAXI: héich Präisser, manner Lizenzen

Am September 2016 war dat neit Gesetz iwwer d‘Déngschtleeschtunge vun

Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview
Neiegkeeten

Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview

17 Joer jonk a schonn e grousst Zil virun Aen.

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt
Neiegkeeten

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt

D‘Amerikaner, déi sech am Jemen net offiziell „selwer“ um Konflikt

Eng „Meenung“ a seng juristesch Suitten

Sinn d‘Jeeër „Barbaren“? De Politolog a Verfechter vum Déiererecht, Armand Clesse, ass dovunner iwwerzeegt a léisst sech och mat engem Geriichtsuerteel net vu senger Meenung ofbréngen

Eng „Meenung“ a seng juristesch Suitten

D‘Vereenegung vun de Fëscher a Jeeër zu Lëtzebuerg ass mächteg, an huet et guer net gären, wann sech Amateure mat hirem Hobby ausenanersetzen a partout net wëllen agesinn, dat wëll Déieren de Privileg genéissen, sportlech neutraliséiert ze ginn. Fir den Armand Clesse ass awer d‘Juegd weder e Sport nach – zumindest fir déi betraffen Déieren – ee Privileg, mee just nach eng Schan.

Fir de 70 järege Politolog, deen am Februar 2019 um Mikro vun der Bertelsmannduechter RTL mat der Feststellung „d‘Jeeër si Barbaren“ an dem Saz „d‘Juegd ass doutmaachen, et ass Mord well et geplangt ass“ déi richteg Ouere getraff hat, huet sech virum Geriicht zu Dikrech misse veräntwerte well et eng Plainte vun zwee Jeeër – déi d‘Ausso als Verleumdung bezeechnen – ginn hat.

Armand

Ass et nach „Juegd“ oder féiere mir elo Krich? © Clint Patterson /unsplash

Zwee Jeeër mat engem zolittem Ego hunn de Maître Rosario Grasso – deen eigentlech éischter aner Prozesser féiert – engagéiert fir hir „Éier nees hierzestellen“ an niewebäi 2.500 Euro pro Plaignant anzekasséieren. De Goss soll als moralesch Entschiedegung betruecht ginn, woubäi et heibäi just drëms geet den Armand Clesse un de Rechnung vum Affekot ze bedeelegen. Dat ass eben esou…

E Kueb schéisst deem anere keen A aus

Um Geriicht zu Dikrech hunn déi an hirer Éier déif getraff Jeeër, wéinst eben esou enger op der Antenn vu RTL gemaachten Ausso, Recht zougesprach kritt. D‘Bedeelegung un der Rechnung vum Affekot gouf allerdéngs op 500 Euro festgeluecht, zu där nach eng Geldstrof an Héicht vun 100 Euro plus de „symboleschen“ Euro fir dat wat de „moralesche Schued“ vun de Jeeër ubelaangt.

D‘Geriicht huet sech am Uerteel vun e Freideg allerdéngs net op „Verleumdung“ bezunn, mee den Artikel 561-7 vum Code Penal opgedëscht. Dat ass den Artikel dee sech mam Thema Beleidegung beschäftegt. Interessant: déi Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet interpretéiert dat Wuert „Barbaren“ am Zesummenhang mat der Juegd an de Jeeër, als Beleidegung. Mee och de Parquet huet matgespillt.

Fir de Procureur ass et natierlech och drëms gaangen hei en Exempel ze statuéieren a vläicht och d‘Bierger ze warnen, dat de kriteschen Ëmgang mat der Juegd an de Jeeër wëll gutt iwwerluecht sinn. D‘Juegd hätt zu Lëtzebuerg ee legale Kader, an d‘Jeeër agéiere bannent dësem legale Kader, firwat de Verglach vum Armand Clesse ze wäit géif goen, esou d‘Argument vum Parquet.

Déiereschutz méi wichteg wéi d‘Recht op d‘Juegd

Wann déi zwee Jeeër hir vermeintlech Victoire am klenge Krees dierfte gefeiert hunn, esou ass et domadder net gedoen. Den Armand Clesse a säin Affekot, de Maître Daniel Baulisch, hunn nom Uerteel erkläert, datt si géint dëst Uerteel an Appell wäerte goen. Méiglecherweis kéint dat Ganzt zu Stroossbuerg um Mënscherechtsgeriichtshaff säin Epilog kréien, mee ganz esouwäit ass et nach net.

Armand

D‘Juegd ass zanter de feudalen Zäiten an éischter Linn eppes fir Leit mat héijer Notorietéit a ganz déckem Portmonni. Et gëtt dann och net, wéi fälschlecherweis behaapt gëtt, gejot fir sech ze ernieren oder d‘Ëmwelt ze schützen. Hei geet et tatsächlech ëm déi „sportlech Erausfuerderung“. © Damir Spanic / unsplash

Woubäi den Armand Clesse, dee sech géintiwwer dem Geriicht zu Dikrech als „Affekot vun den Déieren déi keng Stëmm hunn“ virgestallt huet, vun Ufank un domadder gerechent huet de Gang bis Stroossbuerg unzetrieden. Hie wäert also och weiderhin d‘Jeeër als „Déiere-Mäerder“ betitelen a sech fir eng ethesch Revolutioun zugonschte vun den Déieren asetzen. Eng lueflech Astellung.

Säitens de Kläger war leider näischt gewuer ze ginn, an och ernimme sollt een se net. Et ass jo och schlëmm, just well ee sportlech motivéiert d‘Natur reguléiert, also dat auszortéiert vun deem et es ze vill gëtt, als Barbaren duergestallt gëtt. Dobäi vertrieden si eigentlech just nach eng elitär Gesellschaft, déi mat aller Gewalt un deene Privilegie festhält, déi hirem soziale Statut gerecht ginn.

Foto: Wann d‘Wëld keng „natierlech“ Feinden huet, muss de Jeeër d‘Populatioune reguléieren. Dat zumindest ass dat wat als Grondargument ëmmer gären ugefouert gëtt, an eigentlech net emol falsch ass. Et huet awer och eppes mat der Aart a Weis wéi (an deels a wéi engem Zoustand) gejot gëtt. D‘Juegd, esou wéi se zu Lëtzebuerg bedriwwe gëtt, huet awer leider méi mat Privilegien ze dinn, wéi datt et der „Reguléierung“ vum Wëldbestand an Zesummenhang ze bréngen ass. © Clint Patterson /unsplash

Related topics Armand Clesse, Barbaren, Geriicht, Jeeër, Juegd, moralesch Entschiedegung
Next post Previous post