Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!
De Weltgesondheetsdag gëtt all 7. Abrëll zelebréiert. Dëst Joer ass
De Weltgesondheetsdag gëtt all 7. Abrëll zelebréiert. Dëst Joer ass
Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss
Den US-President Donald Trump, deen der NRA, also der nationaler
Gëschter hunn 32 fräiwëlleg Zaldoten, am Bäisinn vum Verdeedegungsminister François Bausch hiren Eed ofginn. Am „Parc Housen“ ass déi 33. Sessioun vun de Rekrutten organiséiert ginn, woubäi si hiert feierlecht Versprieche ginn hunn.
Fir déi Fräiwëlleg markéiert d’Zeremonie den Ofschloss vun der Basisformatioun, déi ganzer 4 Méint gedauert huet. An noer Zukunft wäerten d’Rekrutten eng militäresch Formatioun vu 36 Méint absolvéieren. Vun 52 Rekrutten hunn der 32 d’Basisinstruktioun mat Erfolleg ofgeschloss, wat ee Succès vun 62% bedeit.
Am Kader vun der Zeremonie hunn och d’Membere vum Lëtzebuerger Kontingent, déi an de Joren 2017 an 2018 zu Mali an a Litauen, sou wéi u Kräfte vum auslänneschem Militär, eng Medail zur Unerkennung vun hire Leeschtungen iwwerreecht kritt. Een auslänneschen Offizéier ass donieft zum „Commandeur dans l’Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg“ ernannt ginn.