Fridden am Afghanistan: Lëtzebuerg bitt finanziell Ënnerstëtzung an humanitär Hëllef
Gëschter huet de Baussen- an Europaminister Jean Asselborn un der
Gëschter huet de Baussen- an Europaminister Jean Asselborn un der
A grousser Trauer deelt de groussherzoglechen Haff mat, datt den
Et ass schonn déi 59. Editioun vum Internationale Bazar. Eng
Beim Rennen ëm de Poste vum Parteichef vun der Chrëschtlech Demokratescher Unioun (CDU) ass um (virtuelle) Parteidag, de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet, zum Nofolger vum Annegret Kramp-Karrenbauer gewielt ginn. Hien hat sech bei der Stéchwal géint de fréiere CDU-Fraktiounsvirsëtzende Friedrich Merz duerchgesat.
Vun den 991 gültegen Delegéiertestëmmen huet den Armin Laschet 521 Stëmmen erhalen, fir de Friedrich Merz gouf et der 466. De fréieren Aussepolitiker Norbert Röttgen war schon an der éischter Ronn vun den Delegéierten auszortéiert ginn. Den „Neien“ huet no senger Wal festgestallt, datt d‘CDU déi kommend Landtagswalen erfollegräich bestreide wäert an no der Bundestagswal d‘Unioun och de Kanzler stellt. Hei gëtt jo aktuell de Markus Söder (CSU) als Favorit gehandelt.
Am éischten Duerchlaf hat de Friedrich Merz – de Mann mat beschte Verbindungen zur Finanzwelt – nach mat 385 Stëmmen d‘Nues fir. Fir den Armin Laschet hat et 380 Stëmmen, a fir den Norbert Röttgen goufen et der 224. Wëll sech dat Ganzt am virtuelle Raum zougedroen huet, a folgerichteg online ofgestëmmt ginn ass, muss dëst Resultat zwéngend per Bréifwal confirméiert ginn, fir datt d‘Wal och rechtlech gülteg ass. Et geet elo awer keen dovunner aus, datt sollt gefuddelt gi sinn.
A senger Selbstdarstellung hat de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen statuéiert: „Et muss een d‘Handwierk vun der Politik vun der Mëtt beherrschen“, esou den 59 järegen, deen domadder op d‘Verhandlungen zum Ausstig aus der Kuel oder op d‘Kriminalitéitsbekämpfung a sengem Bundesland higewisen huet. Déi ass wuel weiderhin héchst ëmstridden, och bezunn op den Ausstig aus der Kuel. Laut dem Kueleausstiggesetz, soll 2038 dat lescht Kuelekraaftwierk Vum Netz goen.
Den Armin Laschet gëllt als „Merkel-Trei“ a huet och schon duerchblécke gelooss, datt hien dës politesch Linn a groussen Deeler wëll weiderféieren, oder zumindest ënnert engem „anere“ Kanzler fërdere wëll. Hien huet d‘Verdéngschter vum Angela Merkel an engem Wuert zesummegefaasst: „Vertrauen“. Fir d‘Fra mat der „Raut“, déi sech beim Klimasommet fir eng „direkt Aktioun“ asetzt, an déi eege Minister unhält zu Bréissel all „Aktioun“ ze verhënneren, ee verdéngte Luef…
Den neie Leader vun der konservativ-rietser-Mëtt (Op europäeschem Niveau, bannent der EPP sinn CDU/CSU jo méi no un den ungaresche Faschiste wéi der Lëtzebuerger CSV) huet beim virtuelle CDU-Parteidag charmant drop higewisen, datt der Partei ee Moderniséierungsjoerzéngt bevirsteet. „D‘CDU muss nees zur Iddiëschmëtt an zum Uert vun der Diskussioun ginn“, esou den Armin Laschet, dee wëll erkannt hunn, datt d‘Partei keng One-Men-Show ass, mee als Team agéiere muss.
Interessant och d‘Feststellung, datt sech an der CDU net méi déi ganz Gesellschaft widderspigelt – wéi wann dat jeemools de Fall sollt gewiescht sinn – firwat den Armin Laschet net de „CEO“ vun der Partei an Däitschland wëll sinn, mee de Mannschaftskapitän deen d‘Ekipp zesummenhält an zum Sig féiert. Hien huet och ee gudden Assistent an der Persoun vum Gesondheetsminister Jens Spahn. Dësen hat gemengt datt si als Team optrieden, well den Armin Laschet d‘Unioun „lieft“.
De Joachim-Friedrich Martin Josef Merz ass ee Jurist, Lobbyist, réimesch-kathoulesch (firwat hien d‘Vergewaltegung am Bestietnes net als strofbar Handlung unerkennt), ka Fliger fléien a war a ville Verwaltungsréit (dat gehéiert sech als Politiker esou, wou sollt ee soss d‘Gesetzer hierkréien) a fir Bankerettungsfong SoFFin täteg (Honorar: 5.000 Euro den Dag). Hie bezeechent sech selwer als Millionär, huet op der Gehaltslëscht vu BlackRock gestanen, a fërdert d‘Privatiséierung vum Staat.
Hien huet sech no senger klenger Néierlag um Parteidag als Bundeswirtschaftsminister ugebueden, an dem Armin Laschet virgeschloen an déi bestoend Regierung anzetrieden, an dem Peter Altmaier säi Mandat ze iwwerhuelen. Datt sech d‘Bundeskanzlerin Merkel allerdéngs am Waljoer op eng Regierungsëmbildung sollt aloossen, dierft ausgeschloss sinn. Zudeem – och wann et net ëffentlech diskutéiert gëtt – hält d‘Regierungscheffin net besonnesch vill vum ëmstriddene Politiker.
Wann den Armin Laschet elo eng éischt grouss Hürd iwwerwonnen huet, esou steet nach ëmmer déi héich erwaarten Annonce vun der Kanzlerkandidatur am Raum. Déi muss jo bekanntlech vun den zwou Schwësterparteien, also der CDU an der CSU (Bayern) am Konsens virbereet ginn. Richteg ass, datt de CDU-Parteichef, bezunn op Gréisst a Representativitéit, ëmmer Virrang huet. Aus de leschte Sondagen Awer geet ervir, datt 54% vun de Germanen de Markus Söder als Kanzler gesinn.
Do dierft et nach eppes Friktioune ginn, bis dann am Abrëll eng Entscheedung fale muss oder sollt. Ob den Armin Laschet aus Verstand oder op Drock vun der Partei, dem Mann aus Bayern de Virtrëtt léist, oder d‘Versécherung „D‘Unioun stellt de Kanzler“ net eescht gemengt huet, ass net gewosst. An och de Jens Spahn huet jo seng Ambitiounen op d‘Mandat als Regierungschef nach net opginn. Bis zum politesche Wandel, wéi der Moderniséierung vun der CDU, ass et nach ee wäite Wee.
Fotogalerie vum © Tobias Koch / CDU