Search

You may also like

USA: Neien Infektiounshéchststand
Kultur Neiegkeeten

USA: Neien Infektiounshéchststand

Den US-President hat am Fréijoer gemengt, datt wann d‘Wieder nees

Israel: Rakéiten aus Gaza féieren zur Reaktioun vun der Loftwaff
Kultur Neiegkeeten

Israel: Rakéiten aus Gaza féieren zur Reaktioun vun der Loftwaff

Ugrëff aus Gaza, datt kennt een an den Ofwiersystem vun

Wichtegkeet vu Visibilitéit fir Cyclisten an der däischterer Saison!
Kultur Neiegkeeten

Wichtegkeet vu Visibilitéit fir Cyclisten an der däischterer Saison!

Zanter e puer Joer organiséiert ProVelo (fréier Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ) mat

ART3F Luxembourg – ee Muss fir Konschtfans!

De Kierchbierg ass nees kreativ, faarweg an extravagant ënnerwee! Nach bis e Sonndeg kann ee sech iwwert 3000 Wierker op 200 verschiddene Stänn ukucken, woubäi fir all Genre a Kënschtlerhäerz eppes ze kucken, a vläicht souguer ze kafen ass.

Et ass ewell déi 2. Editioun vum internationale Salon fir zäitgenëssesch Konscht den art3f Luxembourg. Dobäi huet d’Luxexpo The Box et sech nees net huele gelooss eng exzellent Auswiel un diversen Artiste, Konschtrichtungen a Galerien ze maachen, sou datt de Visiteur am direkte Kontakt d’Emotioune vum Wierk deele kann. A laut Organisateuren soll een hei eng aner Siicht op déi speziell Form vun der zäitgenëssescher Konscht kréien.

Hirer Definitioun no geet et ëm d’Konzept an d’Gespréich ëm den Objet, ëm d’Recherche vun der lieweger Konscht an der perséinlecher Schéinheet, sou wéi Emotiounen an intelligent Hänn, déi dës Wierker schafen. Dobäi erlieft een an den Halen vun der Luxexpo d’Talenter an d’Stare vu muer a Saache Konscht.

art3f

Natierlech huet een dobäi och un d’Kanner geduecht, déi jee no Alter eben léiwer selwer kreativ ginn, amplaz mat den Erwuessenen wärend Stonnen duerch de Salon ze trëppelen. An engem spezielle Beräich kréie si d’Méiglechkeet hirer artistescher Oder fräie Laf ze loossen an déi ganz Imaginatioun eraus ze loossen. Vläicht fënnt sech jo och esou den nächste Picasso?

Weider Informatiounen

Den internationale Salon fir zäitgenëssesch Konscht ass folgendermoossen op:

  • Freides vu 16:00 bis 23:00 Auer (Mam Vernissage um 18:00 Auer)
  • Samschdes vun 10:00 bis 19:00 Auer
  • Sonndes vun 10:00 bis 19:00 Auer

Mat engem Entréespräis vun 10 € (gratis fir Mannerjäreger) kann een déi artistesch Welt an der Luxexpo The Box materliewen! Weider Detailer fannt Dir op www.art3f.com. Mir wënschen vill Spaass!

Related topics Art3f, Kierchbierg, Konscht, Luxembourg Art Fair, LuxExpo
Next post Previous post