Search

You may also like

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech
International Neiegkeeten

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech

Mëttlerweil gëtt et Mondschutzflicht an de Butteker an iwwerall wou

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Flëss a Baachen?
International Neiegkeeten

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Flëss a Baachen?

[onionbuzz quiz-id=23][/onionbuzz] D’Natur zu Lëtzebuerg huet vill ze bidden. Dat

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop
International Neiegkeeten

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop

Greenpeace wéist reegelméisseg drop hin, datt Atomzentrale schonn aus Prinzip

Asaz vu chemesche Waffen a Syrien: den US-President wëll militäresch agräifen

Asaz vu chemesche Waffen a Syrien: den US-President wëll militäresch agräifen

Um Méindeg Owend huet den Donald Trump eng „zäitno a staark Äntwert“ versprach, mam erkläerten Zil, dem Baschar al-Assad a sengen Alliéierten d‘Rechnung fir den Asaz vu chemesche Waffen ze presentéieren. Russland warnt, dat Militäraktioune schwéier Konsequenzen hätten.

A wann d‘USA d‘Menace vun engem militäresche Géigeschlag géint de syresche Regimm an de Raum stellen, esou wäert sech Washington awer nach eppes gedëllegen an de Vote am UN-Sécherheetsrot ofwaarden. Hei hunn d‘USA e Resolutiounsprojet agereecht, mat deem en internationale Mechanissem soll geschaf ginn, deen eng Enquête zu chemesche Waffen a Syrien erméiglecht. Russland weist drop hin, datt dësen Text an där Form net unzehuelen ass.

„Et war schrecklech. Grausam!“, soll den Donald Trump am Wäissen Haus gejaut hunn, nom presuméierten Asaz vu Gëftgas zu Douma, déi lescht vun de Rebelle kontrolléiert Stad an der Enklav vun der ëstlecher Ghuta. „Mir wäerten deem mat Stäerkt äntweren“, sot den US-President eppes méi spéit, an huet eng imminent Entscheedung ugekënnegt. Säi Verdeedegungsminister Jim Mattis huet e Militärasaz géint de syresche Regimm net ausgeschloss.

Säit u Säit mat de Fransousen

Den Telefon huet dann och nees beim Franséische President gerabbelt, schonn den zweeten Dag a folleg. Den Emmanuel Macron an den Donald Trump wënschen sech eng „zolidd Reaktioun“ vun der internationaler Communautéit, heescht et aus dem Elysée an „Et bléift een enk verbonnen“. An dësem Kontext hat et e Méindeg eng Drénglechkeetssëtzung vum UN-Sécherheetsrot ginn. Déi war vun den USA, Frankräich, Groussbritannien, mee och vu Russland agefuerdert ginn.

Fir den Trio aus dem „Westen“, ass et ganz kloer den Assad-Regime, deen d‘Verantwortung fir den Asaz vu chemesche Waffen zu Douma huet. Den Ugrëff vun e Samschdeg soll, esou d‘Wäisshelmer an d‘ONG „Syrian American Medical Society“, iwwer 40 Affer gefuerdert hunn. D‘Nikki Haley, US-Ambassadrice op der UNO weess: „Just e Monster kann esou eppes maachen“ an gesäit den Zäitpunkt erreecht „wou d‘Welt muss gesinn datt Recht geschwat gëtt“.

Et besteet net de gréngsten Zweiwel

Wéi gewinnt, an ouni datt et bis ewell konkret Beweiser géif ginn, muss e Schëllege bezeechent ginn. „Et besteet keen Zweiwel iwwert d‘Auteure vun dëser neier Attack“, ass sech de franséischen UN-Ambassadeur, François Delattre sécher. Mee d‘USA, Groussbritannien a Frankräich riichten hir Beschëllegungen och géint Moskau. „Wann de syresche Regimm Ziviliste bombardéiert, da mécht deen dat mat der Hëllef vu Russland“, esou d‘Nikki Haley.

Dat Wäisst Haus hat am Virfeld schonn d‘Verantwortung vu Russland an dem Iran ugefouert. Zu Washington weess een, datt Damaskus keng chemesch Waffen asetze kann, ouni déi materiell Ënnerstëtzung vu Moskau an Teheran. An den Donald Trump hat och schonn Damaskus, Moskau an Teheran gewarnt, datt si „de volle Präis ze bezuelen hätten“. Eng Première: den US-President huet fir déi éischte Kéier de Vladimir Putin, a senger „Warnung“ direkt ernimmt.

Geféierlech Spekulatiounen

„Mir appelléieren de Westen op d‘Krichsrhetorik ze verzichten“, äntwert op der UNO de russeschen UN-Ambassadeur Vassily Nebenzia. Hie betount, datt keng chemesch Waffen zu Douma agesat gi sinn, a warnt virun de Konsequenzen, déi eng westlech Militäraktioun géif erzwéngen. De Vladimir Putin huet sengersäits den onzoulässege Charakter vun de Spekulatiounen zu dësem presuméierten Ugrëff veruerteelt. Och de russesche President wëll Beweiser.

D‘Gespenst vun engem militäresche Géigeschlag war um Méindeg nees opgetaucht, nodeems d‘Militärbasis T4 (Fluchhafen Tayfur) mat Rakéite beschoss ginn ass. En Ugrëff, dee vun Damaskus, Moskau an Teheran, Israel zougeschriwwe gëtt. Kléngt logesch, well: „Am Moment féieren d‘USA keng Loftschléi a Syrien duerch“, léisst Washington wëssen, weist awer drop hin, datt een dorausser keng Schlëss fir d‘Zukunft dierf zéien.

Réckbléck: Saringasasaz zu Khan Cheikhoun

Am Abrëll 2017 hat Washington eng syresch Militärbasis bombardéiere gedoen, als Riposte op eng Attack op Khan Cheikhoun am Nordosten, wou et zu engem Saringasasaz komm ass. Den Asaz vu chemesche Waffen, dee ronn 80 Zivilisten d‘Liewe kascht huet, gëtt dem vu Moskau ënnerstëtzten Assad-Regime ënnerstallt. A wéi schonn deemools huet Damaskus och d‘Beschëllegungen zum Virfall zu Douma dementéiert an zréckgewisen.

Mee och de syreschen Observatoire vun de Mënscherechter (SOHR), deen sech eegenen Aussoen no op ee grousse Reseau vun Informante stëtze kann, war bis ewell net an de Lag den Asaz vu chemesche Waffen ze bestätegen. Et gëtt just e Video dee vun de Wäisshelmer an den Internet eropgeluede ginn ass. Hei ze gesinn: Läichen, Fraen a Kanner, einfach um Buedem geleeën, wäisse Schaum virum Mond. Et léisst sech net beweisen, datt d‘Biller aus Douma stamen.

D‘Enklave vun der ëstlecher Ghuta befreien

Well een hei d‘Gewiicht vun der Propaganda net dierf ënnerschätzen, an och d‘Beschëllegunge politesch motivéiert sinn, sollt een d‘Resultater vun der Enquête ofwaarden, déi vun der Organisatioun fir de Verbuet vu Chemesche Waffen (OPWC) ageleet ginn ass. De Baschar al-Assad an déi syresch Regierung huet ëmmer nees ofgestridden, chemesch Waffen anzesetzen. De Virworf esou Waffen anzesetzen, kritt Damaskus zanter 2011 gemaach, Beweiser huet et nach keng ginn.

Richteg ass dann awer, datt déi syresch Regierungstruppen, mat der Ënnerstëtzung vu Moskau, eppes méi wéi d‘Hallschent vum syreschen Territoire zréckeruewert huet. De Präis war héich – 350.000 Affer a 7 Joer – an et dierft och nach eppes méi deier ginn. De Regimm huet d‘Rebellen zu Douma geschloen an zum Ofzuch gezwongen, d‘Enklav vun der ëstlecher Ghuta ass esou gutt wéi befreit. Dat schwätzt dann och net fir den Asaz vu chemesche Waffen.

mam Francesco Fontemaggi an dem Philippe Rater/AFP

Foto: (v.l.n.r.) déi britesch UN-Ambassadrice, Karen Pierce; de franséischen UN-Ambassadeur, François Delattre; déi amerikanesch UN-Ambassadrice, Nikki Haley. Si hunn sech am UN-Sécherheetsrot gemeinsam mat sechs weider Länner, géint d‘Allianz Damaskus-Moskau-Teheran agesat. Ouni dat et Beweiser gëtt, hunn si keen Zweiwel um Gëftgasasaz. © Don Emmert/AFP

Related topics Baschar al-Assad, Gëftgas, Ghuta, Iran, Russland, UN-Sécherheetsrot
Next post Previous post