Search

You may also like

D’Sécherheet a privat Hänn geluecht: D’Stad Lëtzebuerg erkläert sech
Neiegkeeten

D’Sécherheet a privat Hänn geluecht: D’Stad Lëtzebuerg erkläert sech

Gëschter hat sech déi Lénk Stad explizit driwwer opgereegt, datt

Awuer Fausti – Um Biisser Bëschkierfecht kann een him gedenken
Neiegkeeten

Awuer Fausti – Um Biisser Bëschkierfecht kann een him gedenken

Am enke Krees vun der Famill gouf de Faustino Cima,

FlamencoFestivalEsch: En digitale Concert vum Alfredo Tejada
Neiegkeeten

FlamencoFestivalEsch: En digitale Concert vum Alfredo Tejada

Loscht op e musikaleschen Ausfluch an dat sonnegt Andalusien? Um

Reduzéierten Asaz vu Pestiziden: Wann et muss sinn gëtt dat ageklot

Reduzéierten Asaz vu Pestiziden: Wann et muss sinn gëtt dat ageklot

Beim Mouvement Ecologique (MECO) ass de Gedoldsfuedem gerass. Schonn zanter 2012 hätt sech Lëtzebuerg mam EU-Recht missen an Aklang bréngen, geschitt ass bis ewell séi wéineg. E Constat deen d‘Presidentin vum MECO, Blanche Weber, op d‘Palm dreift.

Si wëll dann och elo wësse wou en drun ass, de nationalen Aktiounsplang zur Reduzéierung vun de Pestiziden. „Mir fuerderen dësen Aktiounsplang scho laang a widderhuelen eis Fuerderunge permanent“, esou d‘Ausso vum MECO. An tatsächlech ass bis ewell kee wierklech notabele Fortschrëtt ze erkennen, och wa verschiddentlech den Fuerderunge vum MECO Rechnung gedroe ginn ass.

Esou ass am Juni 2016 schonn emol e Projet fir en nationalen Aktiounsplang vum Landwirtschaftsministère publizéiert ginn. Ganz entspriechend der EU-Prozedur an der Diskussioun fërderlech. Leider, an dat beklot de MECO, wier dëse „Plang“ extrem schlecht. En hätt sech nach net emol un Richtlinnen, déi vun der EU virgi sinn, orientéiert.

Et soll am Projet nach net emol dru geduecht gi sinn, Objektiver an Indikatiounen anzeschaffen. De Plang, esou wéi e virgeluecht gi war, huet dann och keng Hëllef oder Moossnam gebueden, déi eng substantiell Reduzéierung vun de Pestiziden géif erlaben.

Vill Ursaachen, déi beim MECO fir Roserei suergen. Dofir gëtt elo gefuerdert de Projet konsequent ze verbesseren. An anscheinend wier säitens dem Landwirtschaftsministère schonn d‘läscht Joer ugekënnegt gi sinn, datt e „neie“ Plang zur Diskussioun géif bruecht ginn. Leider ass et bei der Ausso bliwwen, gesinn huet ee beim MECO nach näischt.

Besonnesch rose mécht d‘Blanche Weber, datt een nach net emol gewëllt wier sech op en Termin festzeleeën. Och datt et keng konkret Informatiounen zu der neier Orientéierung vum nationalen Aktiounsplang gëtt, kann engem verständlecherweis d‘Flemm andreiwen.

An deem Kontext ass et fir de MECO an seng streidereg Presidentin kloer: Lëtzebuerg muss endlech senger Verantwortung nokommen! Fir datt och keen an der Regierung elo mengt et géif bei enger verbaler Ausenanersetzung bleiwen, huet de MECO bei der EU-Kommissioun Klo agereecht. Kee Land steet iwwert dem Gesetz, a wien d‘Gesetz net anhält muss entspriechend bestrooft ginn.

Related topics Blanche Weber, Landwirtschaft, Mouvemenet Ecologique, Pestiziden
Next post Previous post