De Capitani op Netflix: Zäit fir eng Review!
Zënter dem 11. Februar 2021 gëtt déi lëtzebuergesch Serie „Capitani“
Zënter dem 11. Februar 2021 gëtt déi lëtzebuergesch Serie „Capitani“
Eigentlech ass et traureg, datt d‘Police besonnesch am Horesca-Secteur esou
Fir de Jean „Muck“ Huss, President vun der Asbl AKUT, war d‘Presentatioun vum Joresbericht 2017 eng gutt Geleeënheet, fir op déi villfälteg Bedreeungen hinzeweisen, déi een nach allze gären als onëmgänglech betruecht. Am Kontext vun de Chamberwahlen, huet een och Revendicatiounen.
Op geféierlechen Amalgamm, Schwéiermetall, elektresch a magnéitesch Felder, vir nëmmen ee puer Beispiller ze ernimmen, bei AKUT, engem Aktiounsgrupp dee Liicht an d‘Toxikologie vun der Ëmwelt bréngt, kann ee sech informéieren a berode loossen.
Et gëtt, well een et nach ëmmer net wierklech Eescht ze huele schéngt, vill Beräicher an der Ëmweltverschmotzung déi eis Gesondheet bedreeën. Dat misst awer net sinn, firwat d‘Asbl AKUT nach an den nächsten Deeg, de Parteien e Revendicatiounskatalog wäert zoukomme loossen.
Zu de Revendicatioune gehéiert d‘Schafe vun engem Netzwierk, an deem de Gesondheetsministère, de Sozialversécherungsministère, de Landwirtschaftsministère, mee och den Nohaltegkeet- an Infrastrukturministère, gebonne solle sinn.
Dëst Netzwierk misst sech der Problematik vun der Auswierkung vun der Ëmweltverschmotzung op d‘Gesondheet unhuelen. Mat enger gudder Koordinatioun, sollt et méiglech sinn, eng global Siicht op d‘Situatioun ze erhalen. D‘Asbl bedauert datt ee sech deem am Gesondheetsministère net unhëlt.
De Jean „Muck“ Huss stellt awer kloer, datt AKUT déi vill Campagne vum Gesondheetsministère, beispillsweis zur Preventioun vum Beweegungsmangel oder dem Tubakkonsum, begréisst an och ënnerstëtzt. Mee et bleift hinnen onverständlech, datt ee sech der Ëmwelttoxikologie net unhëlt.
Esou ass et wuel richteg, datt sech Lëtzebuerg e nationale „Kriibsplang“ ginn huet, mee sech dëse primär an de Kampf géint den Tubakkonsum aschreift. Den Damp deen de Fëmmert verschléckt, enthält vill Metaller, wat an de Campagne géint d‘Fëmmen och ëmmer nees ernimmt gëtt.
Wann dann awer schonn déi klengste Quantitéiten am Tubak als Gefor erkannt ginn, firwat sollte verschidden toxesch Substanzen déi een an der Natur fënnt, manner geféierlech sinn? Ass ee sech eens, datt si genee esou eng Gefor fir d‘Gesondheet sinn, ass de Kriibsplang lückenhaft.
Och en Thema dee sech ze hale schéngt: elektromagnéitesch Felder. Déi fannen sech iwwerall wou den Handy an d‘Antennen dofir agesat ginn, mee net nëmmen. Hei fuerdert d‘Asbl AKUT, datt de Bierger besser muss informéiert, an op d‘Preventioun soll gesat ginn.
Et ass och emol virgewarnt ginn, datt ee sech net nëmmen an d‘Chamberwahle wäert amëschen, mee d‘Asbl och bei der Campagne zur Europawahl 2019 wäert aktiv matmaachen. Ëmmerhi gi vill Entscheedungen och zu Bréissel oder Stroossbuerg geholl…