Search

You may also like

Meng DNA benotzen? Jo, mee …
Neiegkeeten

Meng DNA benotzen? Jo, mee …

Eist Wëssen iwwer DNA gëtt all Dag méi grouss. Jidderee

dislike
De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op
Neiegkeeten

De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op

Et héiert een ëmmer nees dovunner: Den Acrylamid gëllt als

Wiem gehéiert dëst Gebai? Eis alleguerten!
Neiegkeeten

Wiem gehéiert dëst Gebai? Eis alleguerten!

De Protest vun déi lenk Stad – déi hei vun

Asbl ErwuesseBildung: Eng Konventioun déi sozialen Organisatiounen vill Guddes versprécht

Asbl ErwuesseBildung: Eng Konventioun déi sozialen Organisatiounen vill Guddes versprécht

De Marc Hansen, delegéierte Minister vun der Digitaliséierung, sou wéi de Pit Peporté a José da Costa vun der Asbl ErwuesseBildung hunn haut eng Konventioun zu de Servicer vu de Formatioune fir Erwuessenen ënnerschriwwen. Doduerch kënnt et zu verschidden Upassungen, respektiv der Erweiderung vun hirer Offer.

Ënnert anerem engagéiert sech d’Asbl elo dofir, Formateuren vun Organisatiounen aus dem soziale Beräich auszebilden. Den Accès op déi digital Kompetenze gëtt vergréissert an d’Associatioune kënne méi onofhängeg bei de Formatioune vun hire Memberen agéieren.

E weidere wichtege Punkt vun der Konventioun ass d’Offer vu 4 gratis Online-Formatiounen fir Organisatiounen aus dem soziale Beräich, déi vun der Asbl ErwuesseBildung ugebuede ginn. Heizou gehéiert:

  • Den Internetführerschäin 1.0;
  • Den Internetführerschäin 2.0, fir méi erfuere Persounen;
  • De Preparatiounsmodul fir E-Banking;
  • D’Formatioun „Train the trainers“, fir esou onofhängeg oder zu enger Organisatioun zougehéiereg Formateuren auszebilden.

De Minister Marc Hansen weist sech houfreg iwwert dës Initiative an ënnersträicht, dass dës Konventioun déi digital Inclusioun ënnerstëtzt: „Fir eng fir d’Gesellschaft gelongen digital Transitioun ass et essentiell all noutwenneg Kompetenzen zur Verfügung ze stellen, fir esou ze interagéieren an digital Outilen bewosst a mat den néidege Kenntnisser notzen ze kënnen.“

Opmaacherbild © Scott Graham / Unsplash

Related topics Asbl ErwuesseBildung, Digitaliséierung, Formatioun, Konventioun, Marc Hansen, sozial Organisatiounen
Next post Previous post